Pit van Rijswijck
| Pit van Rijswijck | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
7. November 1986 Lëtzebuerg |
| Alter | 39 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
|
| |
De Pit van Rijswick, gebuer de 7. November 1986 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Marathon- an Ultramarathonsleefer.
2023 huet hie sech am World Marathon Challenge, deen dra besteet a 7 Deeg 7 Marathonen op 7 Kontinenter ze lafen, als 2. placéiert mat enger Duerchschnëttszäit vun 3 Stonnen a 24 Minutten pro Marathon.[1] Hien ass domat den éischte Lëtzebuerger, dee Member beim Intercontinental Marathon Club ass, e Club, deen 2023 195 Membere gezielt huet.
Mat sengem Projet Running Against Cancer huet hien duerch dësen Challenge 109.777,42 € fir d'Fondation Cancer gesammelt[2], déi d'Recherche géint de Glioblastom, e Gehiertumor, ënnerstëtzt.
Privates
[änneren | Quelltext änneren]Hien ass Papp vun 2 Meedercher. Säi Monni ass de John van Risjwijck.
Palmarès
[änneren | Quelltext änneren]Hien ass eng 30 Marathone gelaf an huet u follgenden Ultramarathonen[3] deelgeholl:
- 2010 - Tour de Tirol
- 2013 - Swissalpine Marathon, 77,5 km (9:25:16)
- 2013 - 2. beim DKV Urban Trail, La Grande Ducale, 56 km (4:35:14)
- 2014 - 100 km de Bienne (9:41:42)
- 2015 - Polar Bear Challenge, Grönland - 2. Plaz am Marathon (3:32:20), am Semimarathon (1:43:45) an am Generalklassement (5:16:05)
- 2016 - 54. am Zugspitzmarathon (8;07:49,3)
- 2019 - 42. am Stubai Ultratrail, 65 km (14:56:50)
- 2023 - 2. am World Marathon Challenge
- 2024 - Boston Marathon - 3:14:05
- 2024 - Jungfraumarathon - 4:12:08 (nei Streck)
- 2024 - Chicago Marathon - 2:52:38
Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]De Pit van Rijswijck gouf 2023 vun der Vereenegung vun de Sportjournalisten mam „Ultra-Sport-Präis“ ausgezeechent.[4]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ World marathon challenge 2023. Gekuckt den 3.11.2023.
- ↑ (de) Sie setzen sich für den Kampf gegen Krebs ein | Fondation Cancer. www.cancer.lu. Gekuckt den 03.11.2023.
- ↑ Ultra Marathon Statistics: Pit van Rijswijck. Gekuckt den 03.11.2023.
- ↑ Sportler vum Joer 2023: Lëschte vum Sportler, Sportlerin, Trainer an Ekipp vum Joer sinn eraus.. rtl.lu (07.11.2023). Gekuckt de 07.11.2023.
