Prosper Müllendorff

Vu Wikipedia
Prosper Müllendorff
Gebuer 26. Juni 1854
Lëtzebuerg
Gestuerwen 28. Juni 1922
Köln
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Journalist, Iwwersetzer, Fonctionnaire

De Jean-Pierre-Prosper Müllendorff, gebuer de 26. Juni 1854 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 28. Juni 1922 zu Köln, war e lëtzebuergesche Journalist, Historiker an Iwwersetzer.[1]

Vu Beruff war de Müllendorff eng Zäit Stenograph an der Chamber.

Bekannt ass de Prosper Müllendorf wéinst senger Iwwersetzung vum Henry Charles Lea sengem Wierk A History of the Inquisition in Spain, dat 1906/08 a véier Octavbänn am Original erauskoum, an enger, mat Erlabnes vum Lea, gekierzter, Iwwersetzung op Däitsch, déi an dräi Bänn am August 1911/12 zu Leipzig publizéiert gouf.

Déi Geschicht vun der spuenescher Inquisitioun ass nëmmen en Deel vum Lea senger Rëtsch vu Bicher iwwer d'Inquisitioun iwwerhaapt.

De Müllendorff huet eng Zäit als Redakter bei der Kölnische Zeitung geschafft.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Henry Ch. Lea, [Prosper Müllendorff (Iwwers.)]: Geschichte der spanischen Inquisition, Scientia Verlag (vergraff)
  • Britisch Ostafrika; in Zeitschrift für Kolonialpolitik, Kolonialrecht und Kolonialwirtschaft, 13. Jahrgang (1911); Ss. 736-751.
  • La réglementation du travail en Allemagne ; 1887
  • Johann Albrecht, Herzog von Mecklenburg-Schwerin (...) ; 1908
  • Das Grossherzogtum Luxemburg unter Wilhelm I. ; 1921
  • Luxemburg unter Wilhelm II. und Wilhelm III. ; 1944

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Jean-Pierre-Prosper Müllendorf am Luxemburger Autorenlexikon