Op den Inhalt sprangen

Rádio e Televisão de Portugal

Vu Wikipedia
Rádio e Televisão de Portugal
Typ S.A.
Slogan Uma. Por Todos.
Grënnungsdatum 7. Mäerz 1957
Land Portugal
Sëtz PRTPRT Cabo Ruivo
PRTPRT Lissabon
Generaldirekter Portugisesche Staat
Mataarbechter 1597 (2018)
Branche Medien
Homepage http://rtp.pt

Rádio e Televisão de Portugal SGPS, S.A. (RTP) ass eng ëffentlech-rechtlech portugisesch Radio- an Televisiounsstatioun.

D'Gesellschaft besteet aus de Beräicher RDP (Radiodifusão Portuguesa) fir de Radio an RTP (Radiotelevisão Portuguesa) fir d'Tëlee.

RTP ass Member vun der "Organización de Telecomunicaciones Iberoamericanas" (Verband vun de Fernseestatiounen a Latäinamerika, Portugal a Spuenien), der European Broadcasting Union an ass Aktionär vun Euronews.

  • RTP Antena 1
  • RTP Antena 2
  • RTP Antena 3
  • RTP Antena 1 Açores – regional Versioun vum éischte Programm fir d'Azoren
  • RTP Antena 1 Madeira – regional Versioun vum éischte Programm fir Madeira
  • RTP Antena 3 Madeira – regional Versioun vum drëtte Programm fir Madeira
  • RTP Mundo – internationale Programm
  • RTP África – Programm fir déi lusophon afrikanesch Länner
  • RTP1
  • RTP2 – kulturell Sendungen, auslännesch Serien
  • RTP Notícias – Noriichtesender
  • RTP Memória – al Emissioune vun RTP
  • RTP Açores – regionale Programm fir d'Azoren
  • RTP Madeira – regionale Programm fir Madeira
  • RTP Mundo – internationale Programm
  • RTP África – Programm fir déi lusophon afrikanesch Länner