Ministeriellt Reglement

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Règlement ministériel)
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen!

E ministeriellt Reglement oder Règlement ministériel ass e Reglement dat e Regierungsmember hëlt, ënnert der Viraussetzung, datt him déi Muecht vum Grand-Duc iwwerdroe gouf.

A priori huet e Member vun der Regierung dem Gesetz no keng reglementaresch Muecht, well déi dem Grand-Duc virbehalen ass[1]. De Grand-Duc ka säi Recht fir Exekutiounsreglementer ze huelen awer u Membere vun der Regierung delegéieren. E muss dat awer prezis a limitéiert definéieren, e ka keng allgemeng Delegatioun erlaben[2].

De Grand-Duc huet domat de Choix fir entweeder iwwert e groussherzoglecht Reglement selwer z'agéieren, oder fir en eenzele Regierungsmember oder och de ganze Regierungsrot mat anzebezéien. Jee nodeem schwätzt een da vun engem Règlement ministériel oder engem Règlement du Gouvernement en conseil.

Béid Reglementer, ob se individuell vun engem Minister oder vum Regierungsrot geholl ginn, stinn um selwechten Niveau an der Hierarchie vun den Normen, just d'Zuel vun den Auteuren ass verschidden.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Besch, Marc. (2019). Normes et légistique en droit public luxembourgeois (Vademecum). Windhof: Promoculture-Larcier.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Art. 36. – « Le Grand-Duc prend les règlements et arrêtés nécessaires pour l'exécution des lois. »
  2. Art. 76. – « (…), le Grand-Duc peut, dans les cas qu'il détermine, charger les membres de son Gouvernement de prendre des mesures d'exécution. »
  • Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Besch M., an der Literatur