Raymond Conzemius

Vu Wikipedia
Raymond Conzemius
Gebuer 6. Juni 1966
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Héichsprénger, Direkter, Techneschen Direkter


De Raymond Conzemius, gebuer de 6. Juni 1966 zu Esch-Uelzecht, ass e Sportsprofesser a fréiere lëtzebuergesche Liichtathleet a Spezialist am Héichspronk.

Sportlech Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Mat Turnen huet hie seng sportlech Karriär ugefaangen, koum awer duerno duerch seng eeler Schwëster, déi am CA Fola lizenzéiert war, bei d'Liichtathleetik. Dem Trainer Raymond Mores ass dem Raymond Conzemius seng gutt Sprongkraaft opgefall an huet hie bei den Héichsprong orientéiert.

Den 20. Juli 1983 huet hien um internationalen Cactus-Meeting mat 2,15 m dem Marc Romersa säi Landesrekord am Héichsprong egaléiert.

Um LASELs-Championnat, den 22. Mee 1984, huet de Raymond Conzemius mat 2,16 m en neie Landesrekord opgestallt. Dat selwecht Joer huet hien de Rekord nach bis op 2,20 m eropgeschrauft.

1984 ass hie vun der Lëtzebuergescher Sportpress zum Lëtzebuerger Sportler vum Joer gewielt ginn.

Nodeem hien Enn 1980er an Ufank 1990er Jore vill mat Verletzunge geplot war, huet hien de Landesrekord 1995 nach eng Kéier op 2,22 m verbessert.

Berufflech Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Raymond Conzemius war Sportsprofesser am Lycée Aline-Mayrisch a duerno bis 2020 Direkter vum Sportlycée, ier hien als techneschen Direkter an den COSL gewiesselt ass[1].

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

1983[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,04 m)

1984[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,18 m)

1985[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,10 m)

1986[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,04 m)

1994[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,11 m)

1995[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,08 m)
  • 1. bei de Spiller vun de klengen europäesche Staaten (2,15 m)

1996[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,02 m)

1997[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. bei de Spiller vun de klengen europäesche Staaten (2,18 m)

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

  • Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 2007)[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Virdrun   Sportler vum Joer   Duerno
Roland Jacoby 1984 Claude Michely

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Raymond Conzemius wiesselt vum Sport-Lycée bei de Comité Olympique. rtl.lu (17.07.2020). Gekuckt de(n) 18.07.2020.
  2. Remise de l'insigne de chevalier dans l'Ordre de la Couronne de Chêne 25-06-2007 op der Websäit vum Sportsministère