Regierung
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Regierung oder de Gouvernement ass déi iewescht Institutioun vun engem Staat. Si leet an iwwerwaacht d'Gesamtpolitik vum Staat. D'Regierung, hir Organisatioun a Funktioun stinn an enker Bezéiung mat der Herrschaftsstruktur, déi an der entspriechender Gesellschaft besteet, a mat der sozio-ekonomescher Uerdnung.
A modernen, demokratesche Staaten ass mat Regierung meeschtens d'Exekutiv vun engem Staat oder vun enger Gebittseenheet vun engem Staat gemengt.
zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Zu Lëtzebuerg setzt sech d'Exekutivorgan aus dem Groussherzog an de Ministeren zesummen. Op Grond vun der Constitutioun ass et de Grand-Duc eleng, deen d'Exekutiv ausüübt[1], mä all Decisioun muss vun engem Regierungsmember contresignéiert ginn[2]. De Grand-Duc reegelt d'Organisatioun vu senger Regierung, déi op d'mannst aus dräi Membere bestoe muss[3], an ernennt deemno d'Ministeren. Hien huet theoreetesch déi fräi Wiel fir déi Leit erauszesichen déi zesumme mat him, als Minister, d'Exekutiv bilden. An der Praxis ass de Grand-Duc awer a sengem Choix limitéiert well d'demokratesch Prinzippie verlaangen, datt d'Ministeren net nëmmen d'Vertraue vum Grand-Duc, ma och vun der Chamber mussen hunn. No den allgemenge Gewunnechten ass et esou, datt de Grand-Duc just de President vun der Regierung (Premierminister) eraussicht, deen da seng Mataarbechter proposéiert fir eng Regierung op d'Been ze stellen, déi vun der Chamber ugeholl gëtt. De Grand-Duc ernennt déi Perséinlechkeeten déi him vum Regierungspresident proposéiert ginn.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel Regierung (Lëtzebuerg) an am Artikel Lëscht vun de Lëtzebuerger Regierungen
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Regierung – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Constitution du Grand-Duché du Luxembourg - Legilux. Art. 33 « Le Grand-Duc est le chef de l'Etat (…). Il exerce le pouvoir exécutif conformément à la Constitution et aux lois du pays ». legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-19.
- ↑ Constitution du Grand-Duché du Luxembourg - Legilux. Art. 45 « Les dispositions du Grand-Duc doivent être contresignées par un membre du Gouvernement responsable ». legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-19.
- ↑ Constitution du Grand-Duché du Luxembourg - Legilux. Art. 76 « Le Grand-Duc règle l'organisation de son Gouvernement, lequel est composé de trois membres au moins. ». legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-19.