Tunnel René-Konen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) René-Konen-Tunnel)
Tunnel René-Konen
Helleg-Geescht-Tunnel
Typ Stroossentunnel
Strooss N57
Technesch Donnéeën
Längt 638,5 m
Déift 2,5m bis 25 m
Réier 1
Kapp 1
Koordinaten
Südportal
49° 36’ 29.4’’ N
      06° 07’ 58.5’’ O
Kapp 2
Koordinaten
Nordportal
49° 36’ 49.0’’ N
      06° 07’ 55.3’’ O
Bau
Bauzäit 1983 - 1988
Opgemaach fir de Verkéier 18. Juni 1988
Geographie
Uertschaften Lëtzebuerg-Uewerstad

Den Tunnel René-Konen, am Volleksmond Helleg-Geescht-Tunnel, ass e Stroossentunnel an der Stad Lëtzebuerg, deen den 18. Juni 1988 offiziell ageweit gouf.

E féiert ënner der Alstad erduerch, an dat, mat engem Gefäll vu 7 %, vun der Aler Bréck, op der Héicht vun de der Cité judiciaire bis an den Eecher Bierg. En huet eng Längt vu 638,5m an ass zweespuereg am Sens-unique.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Eng ënnerierdesch Verbindung tëscht der Aler Bréck an dem Eecher Bierg war schonn an de Regierungserklärunge vum 4. Juli 1974 a vum 24. Juli 1979 festgehale ginn. No enger Rëtsch Etüden huet d'Chamber de 4. November 1980 (mat 54 Stëmmen dofir an enger Abstentioun) de Gesetzesprojet gestëmmt, dass de Bau vun engem Tunnel soll an d'Lëscht vun de Bauprojeten opgeholl ginn. Den 2. Dezember 1980 gouf d'Gesetz dozou ugeholl. D'Bauaarbechten hunn 1983 ugefaangen. Den 13. Juli 1984 war e Stolle fäerdeg gebuert, soudatt d'Aarbechten un der Calotte konnten ufänken. Dës krut eng Breet vu 17,96 Meter an eng Héicht vun 9,97 Meter.[1]

Den offizielle franséischen Numm Tunnel René-Konen[2] krut den Tunnel eréischt mat engem Arrêté ministériel vum 5. November 1998[3] vum deemolege Minister fir ëffentlech Aarbechten, Robert Goebbels. En ass nom fréieren DP-Politiker a Bauteminister René Konen genannt.

Duerch den Tunnel féiert d'Nationalstrooss N57.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tunnel René-Konen – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Den Tunnel René-Konen op Structurae, der internationaler Datebank vu Bauwierker
  • Brochure Le Tunnel du Saint-Esprit, Ministère des travaux publics et Ville de Luxembourg, 1988

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Nadine Schartz: Ab durch die Mitte, wort.lu, 18.06.2018.
  2. Déi korrekt franséisch Schreifweis ass "Tunnel René-Konen" (mat Bindestréch) a gëtt hei am Artikel benotzt, och wann den Numm am Arrêté ouni Bindestréch geschriwwe gouf.
  3. Arrêté ministériel du 5 novembre 1998 portant dénomination de la jonction souterraine entre le Viaduc et la Côte d'Eich à Luxembourg. op legilux.lu, dem Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung; fir d'lescht gekuckt den 21. Januar 2018