René Grégorius

Vu Wikipedia
René Grégorius
Gebuer 26. September 1919
Gestuerwen 15. August 2007
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

De René Grégorius, gebuer de 26. September 1919 zu Nouspelt a gestuerwen de 15. August 2007 a Frankräich, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Politiker (LSAP).[1]

1968 an 1974 war de René Grégorius, Kandidat op der Lëscht vun der LSAP bäi de Legislativwalen.

De 15. Mäerz 1979 gouf de René Grégorius als Member vum Staatsrot nominéiert an ass dat bis de 26. September 1991 bliwwen, wéi hien d'Altersgrenz erreecht huet.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Hommage à René Gregorius op der Websäit vun der LSAP, redigéiert vum Ben Fayot.
  2. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot