Roberts Quartett

Vu Wikipedia
Roberts Quartett
De Roberts Quartett
Stärebild Phoenix (Phe)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 00h 21m 23s
Deklinatioun − 48° 37' 20"
Ausgesinn
Hubble-Sequenz IBm pec.
Visuell Magnitude 13[1] mag
Wénkelduerchmiesser 1,6'
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) zirka 160 Mio.[1]
Geschicht
Entdecker John Herschel
Entdeckungsdatum 30. September 1834
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
AM 0018-0485

De Roberts Quartett ass eng kompakt Galaxiëgrupp, déi ronn 160 Millioune Liichtjoer vun der Äerd ewechläit. D'Konstellatioun läit no beim Zentrum vum Stärebild Phoenix. E stellt zesummegefaasst eng Famill vu véier ënnerschiddleche Galaxien duer, déi an engem Prozess vu géigesäiteger Beaflossung sinn. Am Koup sinn d'Galaxien NGC 87, NGC 88, NGC 89 an NGC 92, déi all vum John Herschel den 30. September 1834 entdeckt goufen.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Den NGC 87 (uewe riets) ass eng irregulär Galaxis, sou wéi d'Magellanesch Wolleken an der Noperschaft vun eiser Mëllechstrooss. Den NGC 88 (Mëtt) ass eng Balkespiralgalaxis mat enger wäitschwäifeger externer Verpakung, déi sech héchstwahrscheinlech aus Gas zesummesetzt. Den NGC 89 (Mëtt ënnen) ass eng Balkespiralgalaxis mat zwéi groussflächege Spiraläerm. De gréisste Member vum System ass den NGC 92 (uewe lénks), eng Spiralgalaxis vum morphologeschen Typ Sa vun ongewéinlechem Ausgesinn. Ee vun hiren Äerm, mat enger Längt vun ongeféier 100.000 Liichtjoer, gouf duerch Wiesselwierkunge verformt an huet vill Stëbs.[1]

De Quartett ass e gutt Beispill fir eng kompakt Grupp vu Galaxien. Well sou Gruppen, aus véier bis aacht Galaxien, an engem relativ klenge Gebitt zesummegefaasst ze fanne sinn, sinn et exzellent Studienobjeten. D'Quartett huet eng total Visuell Magnitude vu bal 13. Den hellste Member vun der Grupp huet dobäi eng visuell Magnitude vun 13,8. Um Himmel sinn déi véier Galaxien an engem Radius vun 1,6 Bouminutte vereent, dat mécht en Ofstand vu 75.000 Liichtjoer aus.

Wouhier kënnt den Numm[änneren | Quelltext änneren]

D'Astronomen Halton Arp a Barry F. Madore, déi 1987 de Catalogue of Southern Peculiar Galaxies and Associations (E Katalog mat ongewéinleche Galaxien a Gruppen op der südlecher Hemisphär) zesummegestallt hunn, hu se nom Robert Freedman gedeeft, well dee vill vun den aktualiséierte Galaxiëpositioune fir de Katalog gerechent hat.[1]

Memberen[änneren | Quelltext änneren]

Membere vum Roberts Quartett
Numm Typ Distanz vun der Sonn
(Millioune Lj)
Magnitude
NGC 87 IBm pec. ~160 +14,7
NGC 88 SB(rs)a pec. ~160 +15,0
NGC 89 SB0(s)a pec. ~160 +14,2
NGC 92 SAa pec. ~160 +13,8

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 www.eso.org