Roger Bofferding
Ausgesinn
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Roger Bofferding | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
17. Februar 1934 Lëtzebuerg |
| Gestuerwen | 20. Februar 2026 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Liichtathleet, Sportsprofesser |
| Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1960 |
|
| |
De Roger ("Boy") Bofferding, gebuer de 17. Februar 1934 zu Lëtzebuerg, a gestuerwen den 20. Februar 2026[1], war e lëtzebuergesche fréiere Liichtathleet a Sportsprofesser. Hie war en ettlechmol lëtzebuergesche Landesmeeschter am Lafen, an huet 1960 bei den Olympesche Spiller zu Roum matgemaach.
Viru senger Pensioun war hie Sportsprofesser am Lycée technique zu Ettelbréck.
Sportleche Palmarès
[änneren | Quelltext änneren]- 1955: Lëtzebuergesche Landesmeeschter 200 m
- 1957/58:3 LASEL-Landesrekorder bei de Junioren am 200 m-, 400 m-Laf a 4 × 200 m-Staffel
- 1958: Lëtzebuergesche Landesmeeschter Decathlon
- 1958: Lëtzebuergesche Landesmeeschter 400 m
- 1958: LASEL-Landesrekorder am 300 m-Laf an am Triathlon
- 1959: Lëtzebuergesche Landesmeeschter 200 m
- 1960 op den olympesche Spiller zu Roum: Participatioun um 200 m- a 400 m-Laf (Staffel; Roger Bofferding, Norbert Haupert, Felix Heuertz, Ramon Humbert)
- 1961: Landesmeeschter 400 m-Laf
- 1961: Landesmeeschter 400 m-Hürden
- 1962: Landesmeeschter 400 m-Hürden
- 1964: Landesmeeschter am Pentathlon
- National Selektiounen: 30
Perséinlech Beschtzäiten
[änneren | Quelltext änneren]- 100 m: 11.1
- 200 m: 22.6
- 400 m: 49.4
- 800 m: 1.55.9
- 1000 m: 2.33.1
- 400 m Hürden: 56.3
- Wäitsprong: 6 m 64
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Referenze vu senge Leeschtungen 1960 op den Olympesche Spiller zu Roum
- D'Lëtzebuerger Landesmeeschteren an der Liichtathleetik
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Familljenannonce am Luxemburger Wort vum 26.02.2026, S. 23
