Roger Maul
Ausgesinn
| Roger Maul | |
|---|---|
| Gebuer |
16. September 1907 Diddeleng |
| Gestuerwen |
22. Oktober 1987 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Jurist |
| Fonctioun | President vum Staatsrot vu Lëtzebuerg, Conseiller am Staatsrot |
|
| |
De Roger Maul, gebuer de 16. September 1907 zu Diddeleng, a gestuerwen den 22. Oktober 1987 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist.
Säi Studium huet hien am Kolléisch gemaach an en huet duerno zu Frankfurt am Main, Bonn, Toulouse a Paräis, Droit studéiert.
De 7. Juni 1940 gouf hien zu Bartreng mat der Thérèse Koch bestuet.
Seng juristesch Karriär
[änneren | Quelltext änneren]- 15. Mee 1937 Friddensriichter am Kanton Gréiwemaacher
- 27. Mee 1946 Substitut vum Procureur d'État zu Lëtzebuerg
- 15. Dezember 1947 Riichter um Bezierksgeriicht vu Lëtzebuerg
- 23. Februar 1954 Conseiller vum Ieweschte Geriichtshaff
- 11. September 1954 Member vun der Commission d'études législatives
- 1. Mäerz 1955 Member vum Staatsrot[1]
- 1. Oktober 1978 bis 16. September 1979 President vun där Institutioun.[2]
Hie war och eng Zäit laang President vun der Chambre des comptes.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]
Grand officier vum Ordre de Léopold [3]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert den 20.07.2016. Gekuckt den 22.07.2016.
- ↑ Lëscht vun de Presidente vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert den 23.09.2015. Gekuckt de 27.01.2013.
- ↑ (fr) M. Roger Maul décoré par l'ambassadeur de Belgique…. Luxemburger Wort (20.12.1977). Gekuckt de 15.07.2023.
