Romsée

Vu Wikipedia
Romsée
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Léck
Gemeng Fléron
Koordinaten 50° 36’ 38’’ N
      05° 39’ 55’’ O
Telefonszon 043
Postcode 44624

Romsée ass eng belsch Uertschaft an der Gemeng Fléron, Provënz Léck.

Romsée a war bis 1976 eng eegestänneg Gemeng. Si gouf bei der belscher Gemengereform grad sou wéi Retinne a Magnée un d'Gemeng Fléron ugeschloss.

D'Uertschaft huet ronn 4000 Awunner.

Geschicht vu Romsée[änneren | Quelltext änneren]

Ënner dem Ancien Régime war Romsée eng Uertschaft, déi zu der Vogtei vu Fléron gehéiert huet.

Um reliéise Plang huet Romséé zu der Par Chênée gehéiert. Zanter 1755 goufen awer an der Kapell Notre-Dame Läichendéngschter gehalen, a vu 1762 un, goufe Leit an där Kapell bestuet.

1763, gouf an der Kapell en Dafsteen opgeriicht, an zur Zäit vum Concordat (1801) gouf d'Kapell eng Parkierch.

Romsée war wéi déi meescht Uertschaften déizäit e Bauerenduerf, an duerch seng hiwweleg Lag, hat d'Landwirtschaft do schonn am Ufank vum 19. Joerhonnert, sech haaptsächlech op d'Véizuucht orientéiert. Ëm 1840 war d'Hallschent vun der Duerffläch vu Perche beluecht. De Véitrapp vum Duerf hat 30 Päerd, 200 Kéi an 150 Schof.

Wann een och nach net vun enger richteger Industrie schwätze kann, war et awer soudatt et zu Romsée en ettlech kleng Schmëtte gouf, déi fir de Kont vu Lécker Händler Neel fabrizéiert hunn, haaptsächlech fir d'Schëffsschantieren an Holland an op Zeeland. Donieft hu kleng Kuelegrouwen ëm d'Uerschaft dës Schmëtte mam Brennes beliwwert.

Géint 1812 gouf et net manner wéi 12 kleng Kuelegrouwen, déi awer lues a lues zougemaach hunn, well se d'Konditioune vum Gesetz vun 1810 fir eng Konzessioun ze kréien net erfëllt hunn.

1838 goufen en et nach follgeng Grouwen zu Romsée: Fonds des Tawes, Donné, Nooz, Refroideur, Fourchette, Steppes, a Wérister. Et war haaptsächlech där leschtgenannter ze verdanken, datt an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert d'Mecanisatioun weidergedriwwe gouf an zwou Kuelegrouwen iwwerlieft hunn, déi vun 1896 mat moderne Mëttele geschafft hunn. Dat waren d'Kuelegrouf vu Vaux an déi vu Romsée déi der Société Charbonnière de Werister gehéiert hunn. D'Kuelegrouf Vaux gouf 1951 zougemaach, an déi vu Romsée 1967.

Um Héichpunkt vun der Exploitatioun am Joer 1947, hunn do ronn 1.500 Leit an de Galerië geschafft.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Romsée – Biller, Videoen oder Audiodateien