Roudemaacher
Ausgesinn
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Moselle | ||||
Arrondissement | Diddenuewen | ||||
Kanton | Yutz | ||||
Koordinaten | 49° 28’ 11’’ N 06° 14’ 13’’ O | ||||
Fläch | 996 ha | ||||
Bevëlkerung | 1131 (2014) |
Rodemack (op Lëtzebuergesch: Roudemaacher, op Loutrengesch: Ruedemaacher, ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est.
Den Uert, deen zum Arrondissement vun Diddenuewen gehéiert, huet 1131 Awunner (Stand 2014).
Well d'mëttelalterlech Bausubstanz zimmlech gutt erhalen ass, gëtt Roudemaacher och dat "klengt loutrengescht Carcassonne" genannt. Roudemaacher zielt zum Veräin vun de schéinsten Dierfer a Frankräich.
Nopeschuertschaften
[änneren | Quelltext änneren]Verkéier
[änneren | Quelltext änneren]Bis 1934 war Roudemaacher mat enger Schmuelspuerbunn de Jängelchen op der Streck Diddenuewen-Munneref un d'franséischt an un d'lëtzebuergescht Eisebunnsnetz ugeschloss. D'Gebai vun der Gare steet nach an der Sortie vu Roudemaacher nieft dem Pompjeesschapp.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Alain Atten, Rodemack et son château ; in: Les Cahiers lorrains, n° 24 / 1979.
- Nicolas Ries, Rodemack en Lorraine ; in: Les Cahiers luxembourgeois, 6 / 1933.
Kuckt och
[Quelltext änneren]- Departement Moselle
- Arrondissementer am Departement Moselle
- Kantonen am Departement Moselle
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Moselle
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Roudemaacher – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Plang vu Rodemack op Mapquest (en)
- De Syndicat d'initiative (fr) (de)
-
Place des Baillis, riets déi al Vogtei
-
De Wäschbuer
-
D'Rankmauer
-
D'Post