Roy Peter

Vu Wikipedia
Roy Peter
Gebuer 7. Januar 1953
Gestuerwen 2017
Aktivitéit Disk Jockey, Radiosspeaker

De Romain alias Roy Peter, gebuer de 7. Januar 1953, a gestuerwen 2017 war en DJ, Radiosspeaker bei de Pirateradioen, an huet och bei verschiddene Filmer matgemaach.

De Roy huet zu 1973 Lëtzebuerg an den Diskoe Black Bess, Blow Up, a Lovestory ugefaangen de Plateau ze dréinen.

Den éischte Film bei deem e matgeschafft huet war "LUCO SARL" 1988, duerno "Same Old Story" 1997, an am Joer 2003 "Hungry Like The Wolf" mat Sascha Ley, Conny Scheel etc. All d'Filmer ware vum Leo Folschette. Seng Animationsinfluenze koume vun: Paul Marshall, Dave Christian, Bob Stewart, Wolfman Jack, Georges Lang an Achim Graul [Source?]. D'Musek ass vum Schlager a Soul iwwer Country, Rock, Reggae etc gaangen. Hien huet vill geléiert wéi en am "Blow Up" de Paul Marshall ersat huet a wou de Roger Hamen him ausgehollef huet.

Seng Radiosgeschicht fänkt 1983 bei Radio Galène zu Gembloux an der Belsch un. Duerno goung et weider bei Radio RMT zu Amnéville, duerno war e beim Radio 104 zu Monnerech. 1986 am Juli war de Roy da beim RFM zu Stroossen. Hien ass mat senge Sendungen Nighttrax a Coca Cola Eurochart Hot 100 bekannt gi, an dat bis 1991.

No de Piraten ass et dunn 1993 bei Radio Sunshine gaangen. Ara City Radio war déi nächst Statioun an duerno Radio Ara, wou en zanter 1999 all samschdes mueres eng Countrysendung moderéiert huet.

Hien huet och e puer Museker beim Start an d'Geschäft gehollef wéi z. B. den Tim Bradley oder och de Lata Gouveia.