Sängerbond Helvetia

Vu Wikipedia

De Sängerbond Helvetia, offiziell Sängerbond Helvetia Gemeng Tandel[1], ass e lëtzebuergesche gemëschte, weltleche Chouer an der Gemeng Tandel.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

No enger Rei Kontakter am Joer 2008 tëscht de Gesankveräiner Baastenduerf, Branebuerg a Furen aus der Fusiounsgemeng Tandel, gouf de Sängerbond de 24. Januar 2009 als de facto Associatioun gegrënnt, am Kader vun enger Renuioun vu Membere vun den dräi Gesankveräiner mam Camille Kerger vum INECC Lëtzebuerg fir zesummen iwwer d'Zukunft vun de Chéier ze diskutéieren, déi mat feelendem Nowues geplot sinn.[2]

Déi éischt Prouf war den 13. Mäerz 2009 ënner der Leedung vum Andy Loor[3].

Den 13. Juli 2011 gouf de Veräin offiziell nom Veräinsrecht gegrënnt an huet säi Sëtz an der Gemeng Tandel[1].

President ass de Paul Jungels, Dirigent den Andy Loor.

Ziler vum Sängerbond sinn[1]:

  • Fërdere vum spirituellen a weltleche Gesank;
  • Fërdere vun der Zesummenaarbecht tëscht de Chéier an der Gemeng Tandel;
  • Fërdere vum Interessi um Gesank, speziell um Chouergesank.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jungels P, J Lies, L. Kandels & C Weber (2011) Sängerbond Helvetia...mit Blick zurück... und mit Übermut nach vorne! Den Tandeler Duerchbléck. Informatiounsblat vun der Gemeng Tandel. Mäerz 2011: 34-35.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Cf. d'Grënnungsstatuten am Mémorial Nr. 256: 12242-12246 vum 31. Januar 2012.
  2. Quell: schrëftlech a mëndlech Matdeelunge vum Paul Jungels, 2012.
  3. Cf. Jungels et al. an der Literatur