Ségolène Royal

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Luxembourg politic personality icon.svg Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Ségolène Royal
Ségolène Royal - Janvier 2012.jpg
Gebuer 22. September 1953
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Université Nancy-II, École nationale d'administration, Institut d'études politiques de Paris, Université de Lorraine
Aktivitéit Politiker
Partei Parti socialiste
Famill
Liewenspartner(in) François Hollande
Kanner Julien Hollande, Flora Hollande, Thomas Hollande, Clémence Hollande
Wikidata-logo-without-paddings.svg

D'Marie-Ségolène Royal, gebuer den 22. September 1953 zu Dakar am Senegal, ass eng franséisch Politikerin.

Als Duechter vum Jacques Royal, Lt-Colonel an der franséischer Arméi an Niess vum Generol Pierre Royal, krut si eng strikt traditionnell kathoulesch Erzéiung. Hir Elteren hu sech getrennt a wéi d'Ségolène studéiere wollt, huet si de Papp missen usiche, fir datt hie seng finanziell Verflichtungen huet missen anzehalen.

Si war, no hirem Studium vun de politesche Wëssenschaften, op der ENA an derselwechter Promotioun[1] wéi de François Hollande, de Michel Sapin an den Dominique de Villepin.

No enger Zäitchen (1981-1982) als Attachée am Cabinet vun der Nicole Questiaux, Ministesch vun der Solidarité nationale, war d'Ségolène Royal tëschent 1982 an 1984 Chargée de mission fir Jugend a Sport am Generalsekretariat vun der Présidence de la République. 1984-1988 huet si, ëmmer nach am Élysée, sech ëm d'Sozialaffären an den Environnement bekëmmert.

Tëscht 1983 an 1986 huet si, ouni vill Erfolleg, versicht sech lokal an der Normandie z'implantéieren. Si gouf ni méi wéi Gemengeréitin, an dat och nach net fir laang. Allerdéngs muss ee soen, datt si ni vill ënnerstëtzt gouf, respektiv, datt si net besonnesch dacks Presenz um Terrain gewisen huet.

Tëscht 1983 an 1993 war si Deputéiert vum 2. Walbezierk vum Departement Deux-Sèvres. Si gouf 1997 an 2002 erëmgewielt.

Vum 3. Abrëll 1992 bis zum 29. Mäerz 1993 war d'Ségolène Royal Ministesch vum Environnement an der Regierung Bérégovoy.

Tëschent dem 4. Abrëll 1997 an dem 27. Mäerz 2000 war si, an der Regierung Jospin, Ministre déléguée fir d'Primärschoul (Enseignement scolaire) ënner dem Unterrichtsminister Claude Allègre.

De 27. Mäerz 2000 gouf d'Ségolène Royal Ministre déléguée fir d'Famill a fir d'Kandheet ënner der Ministesch Martine Aubry a spéider ënner der Ministesch Élisabeth Guigou. Déi PLaz ass den 28. Mäerz 2001 erweidert ginn: d'Ségolène Royal war, ëmmer nach ënner der Mme Guigou, bis de 5. Mee 2002 och nach fir déi handicapéiert Persounen zoustänneg.

2007 war si Kandidatin fir déi franséisch Presidentschaftswalen. Am 2. Tour, de 5. Mee, huet se déi géint den Nicolas Sarkozy verluer.

D'Ségolène Royal, déi Presidentin vun der Regioun Poitou-Charentes war, huet do demissionnéiert wéi de Premierminister Manuel Valls si als Ministesch vun der Ecologie, vum Développement durable a vun der Energie an d'Regierung geholl huet. No der Demissioun vum Valls huet si déi selwescht Funktioune weider ënner dem neie Premier Bernard Cazeneuve ausgeübt.

No der Wal vum Emmanuel Macron als neie President vun der franséischer Republik (Mee 2017) huet d'Ségolène Royal am Juni 2017 ee sougenannten Ambassadeursposte fir d'Polen (Arktis an Antarktis) krut. Virdrunn hat si, ouni Erfolleg, versicht een héige Poste am Ëmweltberäich bei der UNO ze kréien, an zwar un der Spëtz vum UNO-Ëntwécklungsprogramm (UNDP/PNUD).

Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Ségolène Royal war bis 2005 d'Liewenspartnerin vum François Hollande mat deem se véier Kanner huet, ë. a. den Affekot Thomas Hollande. Hir Trennung ass awer réischt 2007 offiziell matgedeelt ginn.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Raphaëlle Bacqué & Ariane Chemin, La femme fatale; Paräis (Albin Michel), 2007.
  • Christine Courcol & Thierry Masure, Les coulisses d'une défaite; Paräis (l'Archipel), 2007.
  • Marie-Noëlle Lienemann, Au revoir Royal; Paräis (Perrin), 2007.
  • Guillaume Bachelay, Désert d'avenir?; Paräis (Bruno Leprince), 2007.
  • Claude Allègre, La défaite en chantant; Paräis (Plon), 2007.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ségolène Royal – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Promotion Voltaire, déi si als 64. an der Voie générale ofgeschloss huet