Séilenniwwel

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Date vum Séileniwwel oder IC 1848
De Séileniwwel lénks an Infrarout (riets den Häerzniwwel)
.
Stärebild Cassiopeia (Cas)
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 02h51m36,24s
Deklinatioun + 60° 26' 53,9"
Ausgesinn
Hubble-Typ ?
Visuell Magnitude +12,5 m
B-Band ? m
Wénkelduerchmiesser (40,0 × 10,0)′
Flächenhellegkeet ? mag/arcmin2
Physikalesch Daten
Distanz 7.500 Liichtjoer
Routverrécklung ?
Relativ heliozentresch Radialvitess -384 ± 1 km/s
Katalogbezeechnungen
IC  1848, Cr 632 an Cr 634, Sharpless 2-199, LBN 667

De Séileniwwel (oder Sharpless 2-199 oder och LBN 667) ass en Emissiounsniwwel am Stärebild Cassiopeia.

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

En etlech kleng oppe Stärekéip sinn an dësem Niwwel: Cr 34, Cr 632 an Cr 634 am Kapp an den IC 1848 um Broschtdeel. Den Objet ass allgemeng och ënner der Bezeechnung vum Stärekoup IC 1848 bekannt.

De klengen Emissiounsniwwel IC 1871 ass gläich uewe lénks um Kapp vum Séileniwwel ze fannen, weider kleng Emissiounsniwwele wéi IC 669 an IC 670 leie liicht drënner.

De Komplex ëstlech dovun ass säi Noper, den IC 1805 de sougenannten Häerzniwwel. Alle béid ginn dacks zesumme genannt als Häerz- a Séileniwwel.

Tëscht dem Häerz- an dem Séileniwwel si liicht südlech engersäits d'elliptesch Risegalaxis Maffei 1 anerersäits d'Spiralgalaxis Maffei 2 ze gesinn.

Stäregenesis[änneren | Quelltext änneren]

De W5 ass eng Radioquell bannenzeg dem Niwwel. Hien huet e visuellen Duerchmiesser um Himmel mat enger Gréisst vu 4 Vollmounden. Hie läit op enger Distanz vu ronn 7.500 Liichtjoer vun eis ewech am Arm vum Perseus an der Mëllechstrooss am Stärebild Cassiopeia.

Wéi an anere Stäregenesisgebidder och, wéi beispillsweis am Orionniwwel oder am Carinaniwwel, existéieren och am W5 riseg Huelraim produzéiert duerch Stralung a Stärewand vun de gréisste Stäre an dëser Regioun.

No der Theorie vun der Stäregenesis, gëtt de Gas um Rand vun den Huelraim kompriméiert, wouduerch eng Kette vun openeefolgende Gebuerte vun neie Stäre am Niwwel ausgeléist gëtt.

D'Biller vum Spitzer Space Telescope hu bis elo dës Theorie beluecht. D'Astrophysiker, déi dës Biller ënnersicht hunn, konnte weisen, datt jee weider sech d'Schockfront vum Zentrum distanzéiert, do ëmmer nees nei jonk Stäre entstinn. Eeler Stäre leien dementspriechend méi no beim Zentrum, an déi méi jonk leie méi wäit dobaussen.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: W5 – Biller, Videoen oder Audiodateien