Op den Inhalt sprangen

Schabloun:AVDW S6

Vu Wikipedia

D'Fockeschlass (och Nassauer Schlass) war eng Buerg aus dem Mëttelalter zu Käerch, déi am 18. Joerhonnert opgi gouf a vun där haut näischt méi ze gesinn ass, just e puer Toponymmen erënneren nach drun, wéi z. B. de Fockegaart, d'Fockenuecht an de Fockebësch.

Käerch hat am Mëttelalter zwou Buergen an zwou Herrschaften. Nieft dem Fockeschlass gouf et zu Käerch och nach d'Waasserbuerg (oder -schlass) vun der fréierer Herrschaft vu Rollengen (haut Käercher Schlass). D'Fockenherrschaft war fir déi nidder Geriichtsbarkeet zoustänneg an de Besëtzer vum Fockegutt gouf oft als Mathär (Co-seigneur) vu Käerch bezeechent. D'Buerg, spéider Schlass, hat mat der Fockemillen am Äischdall hir eege Bannmillen.

D'mëttelalterlech Geschicht vun de Famillje vun der Fockenherrschaft hat Verbindungen an Uertschafte wéi Bäreldeng, Recke bei Miersch, Esch-op-der-Huurt am Areler Land a Wolkreng bei Diddenuewen. Ënner de Virfare vun der leschter bekannter Damm, déi d'Fockeschlass am 18. Jh. bewunnt huet, der Odilia-Therese d'Huart, ass mam Christophe vu Baden, e Statthalter vun der Maarkgrofschaft Baden-Roudemaacher, ze fannen... > méi