Op den Inhalt sprangen

Schabloun:Moien Info

Vu Wikipedia
Informatioune fir nei Benotzer
Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst „Reegel“ ass: „Sief kéng!
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Stamminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op „Sujet derbäisetzen“.

Op Ärer Benotzersäit kënnt Dir, wann Dir wëllt, e bëssen eppes iwwer Iech oder Är Aktivitéiten op der Wikipedia schreiwen (z. B. d'Sproochen, déi Dir kënnt, Är Interessensgebidder asw.). Op Ärer Startsäit fannt Dir nëtzlecht Geschier fir op der Wikipedia lasszeleeën (z. B. Ännerungsvirschléi, Hëllefssäiten, Uspriechpartner an nach méi).

Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

Dokumentatioun vun der Schabloun:Moien Info [liesen] [änneren] [Versioune weisen]

D'Dokumentatioun fir dës Schabloun steet hei ënnendrënner an ass vun der Säit Schabloun:Moien Info/doc hei agebonne ginn. All Froe sollen och op där hirer Diskussiounssäit gestallt ginn. Kuckt och: Hëllef:Schablounen.

Dës Schabloun ass geduecht fir op Benotzerdiskussiounssäite gesat ze ginn an domat deem jeeweilege Benotzer zousätzlech Informatiounen iwwer d'Wikipedia ze ginn. Falls de Benotzer oder d'IP-Adress réischt viru kuerzem hir éischt Ännerunge gemaach huet, soll d'Schabloun {{Moien}} benotzt ginn. Wann de Benotzer oder d'IP awer schonn eng Kéier e Message – z. B. eng Warnschabloun – op hir Diskussiounssäit gesat krut, soll {{Moien Info}} benotzt ginn. Den Ënnerscheed besteet dodran, datt de Benotzer hei net méi extra begréisst a wëllkomm geheescht gëtt (an datt aus engem „Villmools Merci fir Äert Interessi“ en einfache „Merci fir Äert Interessi“ gëtt).