Schabloun:Op engem 1. Mäerz
Ausgesinn
- 1904: Den US-amerikaneschen Jazzmuseker Glenn Miller gëtt gebuer.
- 1910: De brittesche Schauspiller David Niven kënnt op d'Welt.
- 1925: Bei de Chamberwale verléiert d'Rietspartei hir absolut Majoritéit, bleift awer déi stäerkst Partei.
- 1927: Gebuert vum Jitzchak Rabin, vum Harry Belafonte a vun der Claude Gensac.
- 1933: De lëtzebuergesche Schrëftsteller Roger Manderscheid gëtt gebuer.
- 1935: D'Saarland gëtt nees Deel vum Däitsche Räich.
- 1947: D'Regierung Dupong-Schaus gëtt vereedegt.
- 1956: Gebuert vun der litauescher Politikerin Dalia Grybauskaitė.
- 1999: Doud vum lëtzebuergesche Kriminolog an Auteur Armand Mergen.
- 2012: Den italieenesche Sänger a Museker Lucio Dalla stierft.