Schabloun:Op engem 19. September
Ausgesinn
- 1551: Gebuert vum Henri III., franséischen a polnesche Kinnek.
- 1843: Doud vum franséische Mathematiker an Ingenieur Gaspard-Gustave de Coriolis.
- 1869: Den US-amerikanesche Stommfilmkomiker Ben Turpin gëtt gebuer.
- 1899: De lëtzebuergesche Journalist a Politiker Michel Rasquin kënnt op d'Welt.
- 1911: Gebuert vum brittesche Schrëftsteller an Nobelpräisdréier William Golding.
- 1955: Den argentinesche President Juan Domingo Perón gëtt duerch e Militärputsch gestierzt.
- 1981: An der Stad gëtt d'Groussgaass offiziell als Foussgängerzon ageweit.
- 1991: Touristen entdecke beim Similaun-Gletscher am Ötztal eng mumifizéiert Läich aus der Steenzäit, déi als "Ötzi" bekannt gouf.