Schabloun:Op engem 9. September
Ausgesinn
- 1585: Gebuert vum franséische Kardinol a Staatsmann Armand Jean du Plessis de Richelieu.
- 1778: Den däitsche Schrëftsteller Clemens Brentano kënnt op d'Welt.
- 1828: De russesche Schrëftsteller Leo Tolstoi gëtt gebuer.
- 1841: Gebuert vum lëtzebuergesche Politiker Paul Eyschen.
- 1867: D'preisesch Truppen verloossen d'Festung Lëtzebuerg.
- 1943: Déi 8. englesch Arméi lant am italieenesche Kalabrien; Ufank vun der Invasioun vun den Alliéierten um europäesche Festland.
- 1944: Amerikanesch Truppen kommen zu Péiteng iwwer d'Grenz a befreie bannent e puer Deeg Lëtzebuerg vun den däitschen Okkupanten.
- 1948: D'Koreanesch Demokratesch Volleksrepublik (Nordkorea) gëtt ausgeruff.