Schabloun:WDS 13. Februar

Vu Wikipedia
  • ... de Vincent Wiesenbach (1880-1911), den éischte Lëtzebuerger mat engem Piloteschäin, 1911 mat sengem selwer gebaute Fliger déidlech verongléckt ass?
  • ... Neutral-Moresnet tëscht 1815 an 1919 en neutralen Territoire war, eng 65 km nërdlech vu Lëtzebuerg, well Preisen op der enger Säit, Holland an duerno d'Belsch op der anerer, sech net eens goufe wien e kréich?
  • ... de 50-Eurobilljee deen am meeschte gebrauchte Geldschäin an der Eurozon ass? Den 1. Januar 2018 waren 9.826.239.828 Exemplairen dovun am Ëmlaf. Duerno kommen dee vun 20 an dee vun 10 Euro.