... d'Walnut Lane Bridge zu Philadelphia (Foto) eng Kopie aus arméiertem Bëtong vun der Neier Bréck (Adolphe-Bréck) an der Stad Lëtzebuerg ass?
... de lëtzebuergesch-amerikaneschen Erfinder a Science-fiction-Auteur Hugo Gernsback (1884-1967) sech a senge Geschichten eng ganz Rëtsch technesch Konzepter ausgeduecht huet, déi eréischt an de Joerzéngten duerno developpéiert konnte ginn?
... ronn all zweete Vietnamees mam Familljennumm Nguyễn heescht?
... den Zwergmammut (Mammuthus exilis) eng ausgestuerwe Mammutaart ass, déi sech op eng Insel zeréckgezunn hat, an do am Laf vun der Evolutioun aus Manktem u Fudder ëmmer méi kleng gouf?