Schabloun:WDS 19. Januar
Ausgesinn
- ... d'Iddi fir den Eiffeltuerm vum Elsässer Ingenieur Maurice Koechlin war?
- ... den Aristarch vu Samos (ëm 310 - ëm 230 v. Chr.) och alt "griichesche Kopernikus" genannt gëtt, well hien als ee vun den Éischten d'heliozentrescht Weltbild vertratt huet, no deem d'Sonn an net d'Äerd am Zentrum vum Weltall stéing?
- ... d'Luxemburger Wort déi eelst lëtzebuergesch Dageszeitung ass, déi praktesch ouni Ënnerbriechung bis haut existéiert?
- ... de Krater vun Derweze an Turkmenistan zanter 1971 am Gaang ass ze brennen, an dowéinst vun de Leit vun do den Numm Paart vun der Häll krut?
- ... an de Kasematte vum fréiere Bastioun Louis vun der Festung Lëtzebuerg haut d'Bank LBBW Luxemburg S.A. hire Wäikeller huet?