… am Arno Schmidt sengem Roman Abend mit Goldrand eng ganz Rei Beschreiwungen iwwer Lëtzebuerg stinn, obwuel de Schmidt ni e Fouss an d'Land gesat huet?
... d'Drëttel-Reegel an der Fotografie dora besteet, datt de 'Bléckfank' vum Bild op enger Intersektioun vun den horizontalen a vertikale Linne vu jee engem Drëttel vum Bild ass?
... am Joer 1957 an der Stengeforter Schmelz 10.041 Tonne Phenol produzéiert goufen?
... deen éischten Aarbechter, deen Deputéierten an der Chamber gouf, de Jean Schortgen, op engem 1. Mee bei engem Accident an der Grouf leie blouf?