Schabloun:WDS 26. Abrëll

Vu Wikipedia
Lëtzebuerger Guillotine
Lëtzebuerger Guillotine
  • ... d'Doudesstrof zu Lëtzebuerg fir d'lescht de 24. Februar 1949 ausgeféiert gouf, 1979 per Gesetz ofgeschaaft gouf an 1999 an der Verfassung festgehale gouf, datt se net méi agefouert kéint ginn?
  • ... den Amazonas seng Quell 190 km vum Pazifik ewech huet, mä da méi wéi 6000 km queesch duerch Südamerika leeft, fir dann an den Atlantik ze lafen?
  • … am Arno Schmidt sengem Roman Abend mit Goldrand eng ganz Rei Beschreiwungen iwwer Lëtzebuerg stinn, obwuel de Schmidt ni e Fouss an d'Land gesat huet?