Les Aventures de Tintin
Les Aventures de Tintin, op Lëtzebuergesch Dem Tintin seng Geschichten (an der fréierer Schreifweis Dem Tintin séng Geschichten), ass eng vun de bedeitendsten europäesche Comicsserien. De Belsch Hergé (Georges Rémi, 1907–1983) huet dës humoristesch Abenteuercomicke vun 1929 bis zum Enn vu sengem Liewe geschriwwen a gezeechent.
Den Titelheld vun de Geschichten, den Tintin, ass e jonke belsche Reporter, deen uechter d'Welt (a souguer bis op de Mound) reest an dobäi an Aventurë verwéckelt gëtt. Deen éischten Optrëtt hat den Tintin den 10. Januar 1929.
Albumen
[änneren | Quelltext änneren]Et gëtt 24 Albume mam Tintin sengen Aventuren, wouvun dee leschten net fäerdeg gouf, an dofir zum Deel nëmmen als Maquette besteet.
Tëscht 1987 an 1994 si vum Lex Roth 7 Episoden op Lëtzebuergesch iwwersat ginn; d'Titele stinn hei drënner hanner dem franséischen Original.
- Tintin au pays des Soviets (1930) (Schwaarz-Wäiss)
- Tintin au Congo (1931)
- Tintin en Amérique (1932)
- Les cigares du pharaon (1934) - Dem Pharao seng Zigaren (1992)
- Le lotus bleu (1936) - De Bloe Lotus (1994)
- L'oreille cassée (1937) - D'Ouer mam Krack (1989)
- L'Île noire (1938) - D'Schwaarz Insel (1988)
- Le sceptre d'Ottokar (1939)
- Le crabe aux pinces d'or (1941)
- L'étoile mystérieuse (1942) - Den Onheemleche Stär (1988)
- Le secret de la Licorne (1943)
- Le trésor de Rackham le Rouge (1944)
- Les 7 boules de cristal (1948)
- Le temple du soleil (1949)
- Tintin au pays de l'or noir (1949)
- Objectif Lune (1954)
- On a marché sur la Lune (1954)
- L'affaire Tournesol (1956) - D'Affaire Ditchen (1987)
- Coke en stock (1958)
- Tintin au Tibet (1960)
- Les bijoux de la Castafiore (1963) - Der Castafiore hir Bijouen (1991)
- Vol 714 pour Sydney (1968)
- Tintin et les Picaros (1976)
- Tintin et l'Alph-Art (ass net fäerdeg ginn, 1986)
Personnagen
[änneren | Quelltext änneren] Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Personnagen aus dem Tintin senge Geschichten.
Autoen
[änneren | Quelltext änneren]Déi vill verschidden Autoen an den Tintinsalbumen sinn dem Hergé senger Léift fir d'Autoen zouzespriechen, besonnesch de sportlechen italieenesche Modeller wéi hien der spéider och selwer hat. Am Ufank vum Tintin senge Geschichten an deenen hie sech selwer mam Reporter identifizéiert, hat hie selwer nach keen Auto an e setzt den Tintin an Autoen déi méi der Situatioun ugepasst sinn, wéi de finanzielle Méiglechkeete vun engem jonke Reporter. Sou ass den Tintin an der ganzer Serie vun Albumen nëmmen zweemol selwer de Proprietär vun engem Auto, an zwar am Album Tintin au pays des Soviets eng Amilcar an am Tintin au Congo eng Ford T. Et ass och ganz rar datt en an zwéin Albumen de selwechten Auto benotzt.
Vum Hergé sengen eegenen Autoe sinn der nëmmen dräi an den Albume vertrueden, eng blo Porsche 356, d'Opel Olympia an d'Lancia Aprilia
Numm | Album | Joer | Bemierkungen | Biller | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Jeep Willys CJ-2A | Objectiv Lune | 1953 | ||||
Jeep Willys MB | Tintin au pays de l'or noir | 1950 | ||||
Ford T | Tintin au Congo | 1946 | ||||
Lincoln Torpedo Grand sport | Les cigares du pharaon | 1955 | ||||
Nash Ford Dodge |
Le lotus bleu | 1946 | ||||
Alfa Romeo P3 Amilcar CGSS Era |
Les cigares du pharaon | 1955 | Déi rout Rennmaschinn gouf aus deenen dräi Modeller zesummegebastelt. D'Calander ass vun der Amilcar CGSS (1927) (verschidde Modeller haten eng aner Calander, wéi déi hei op der Foto), de Capot an d'Auspuffréier vun der Alfa Romeo P3 an dem Jacques Martin no, kënnt de hënneschten Deel vun enger Era. | |||
Simca Aronde | L'affaire Tournesol | 1956 | ||||
Checker Taxi | Tintin en Amérique | 1945 | ||||
Citroën 2CV | L'affaire Tournesol | 1956 | ||||
Ford V8 (Modell 1936) | L'oreille cassée | 1943 | ||||
Buick Roadmaster | Tintin au pays de l'or noir | 1950 | ||||
Mercedes 600 Zil 114 |
Tintin et les Picaros | 1976 | ||||
Rosengart LR2 | L'oreille cassée | 1943 | ||||
Cadillac Fleetwood convertible Sedan | Tintin au Tibet | 1960 | ||||
Citroën 5HP | Tintin au pays de l'or noir | 1950 | ||||
Opel Olympia Cabriolet | Le sceptre d'Ottokar | 1947 | Den Opel Olympia Cabriolet war dem Hergé säin éischten Auto. Dofir hat hie vill Wäert drop geluecht fir deen Auto schéin am Le sceptre d'Ottokar ze presentéieren. An deem Band verfollegt den Tintin op engem décke Motto d'Terroristen déi an engem schassgielen Olympia fortrennen. | |||
Lincoln Zephir Cabriolet | Les sept boules de crysral | 1948 | ||||
Ami 6 | Les bijoux de la Castafiore | 1963 | ||||
Facel Vega Mercedes 300 SL Chevrolet Bel Air |
L'affaire Tournesol | 1956 | ||||
Packard Super Eight Coupé | Le sceptre d'Ottokar | 1947 | ||||
Lancia Aprilia | Tintin au pays de l'or noir | 1950 | ||||
Lancia Aurelia B20-GT2500 | L'affaire Tournesol | 1956 | ||||
Citroën 15-Six | L'affaire Tournesol | 1956 | ||||
Amilcar Imperia Hotchkiss |
Le crabe aux pinces d'or | 1953 | ||||
Ford V8 (Modell 1937) | Les 7 boules de cristal | 1950 | ||||
Cadillac LaSalle | Le sceptre d'Ottokar | 1947 | ||||
Triumph Herald 1200 | L'île noire | 1966 | ||||
Ford Matford V8-75 | Le crabe aux pinces d'or | 1953 | ||||
Eccles GT 305 (Roulotte) | L'île noire | 1966 | ||||
Dodge Coronet | Objectiv Lune L'affaire Tournesol |
1953 1956 |
Am Album Tintin Hergé Les Autos gëtt d'Virlag fir den Auto als eng Dodge Coronet special de luxe opgefouert. Unhand vun der Struktur vum Külergrill wier et awer éischter de Virgängermodell Dodge Wayfarer (zweet Bild). Et ass deen eenzegen Auto deen an zwéin Albumen opdaucht | |||
MG 1100 | L'île noire | 1966 | Um Bild ass eng MG 1300 ze gesinn, déi déi selwecht Carrosserie hat wéi d'1100er. | |||
Citroën 2CV (Belsch Konstruktioun 1954) | Les bijoux de la Castafiore | 1963 | Et ass keng Prezisoun ze fanne wat fir ee vun den zwéin 1954er Modeller gemengt ass. | |||
Peugeot 403 | Les bijoux de la Castafiore | 1963 | ||||
Sumida ARM | Le lotus bleu | 1946 | ||||
Chrysler Imperial Packard Six |
Tintin en Amérique | 1945 | ||||
Volkswagen Transporter | L'affaire Tournesol | 1956 | ||||
Ford V8 Cabriolet | Le sceptre d'Ottokar | 1947 | ||||
Miesse | Le lotus bleu | 1946 | ||||
Chrysler Six | Le lotus bleu | 1946 | ||||
Jaguar Mk X | L'île noire | 1956 |
Kuriéises
[änneren | Quelltext änneren]Op senge Reesen uechter d'Welt kritt den Tintin mat exotesche Sproochen ze dinn, wéi z. B. Syldawesch oder d'Sprooch vun den Arumbaya-Indianer. Dës "Sprooche" sinn awer a Wierklechkeet, duerch d'Schreifweis verfriemt "Marollien", eng Zort Argot, deen am Quartier Marolles zu Bréissel geschwat gouf, an deen den Hergé duerch seng Bomi kannt huet.
Sou ass d'syldawesch Nationaldevis "Eih bennek, eih blavek" soss näischt wéi "Hier ben ik, hier blijf ik" - "Hei sinn ech, hei bleiwen ech". D'Wierder vun engem syldawesche Polizist: "Zsálu endzoekhoszd" heeschen "Äddi, bis geschwënn" ("Salut en de kost"), asw.
Och Nimm kënne sou déchiffréiert ginn: Bab El-Ehr -> babbeleir, "Schnëssbatti", "Téinert"; Ezdanitoff -> Is dat niet tof? "Ass dat net flott", asw.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- „Rassistische Stereotype, stilbildende Kunst“ am Luxemburger Wort vum 12. Januar 2019, Säit 20
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Déi offiziell Websäit
- Intertintin: Tintin - Kuifje publications par pays.
- Tintin und Milou werden 90 Jahre jung op wort.lu den 12. Januar 2019