Schabloun:WDS 3. August

Vu Wikipedia
  • ... de Menhir vu Recken joerhonnertelaang ëmgekippt do louch, ier en 1978 als sollechen erkannt an an de Joren dono nees opgeriicht gouf?
  • ... de Buffalo Bill mat senger Wild West Show den 3. September 1906 en Optrëtt zu Lëtzebuerg hat?
  • ... Ashcan (d. h. Dreckskëscht) de Codenumm fir en alliéiert Gefaangelager zu Bad Munneref am Palace-Hôtel war, an deem am Summer 1945 all déi bis dohi gefaangen héichrangeg Nazien an däitsch Militär souzen, fir verhéiert ze ginn?
  • ... de Magnum bullarium romanum, eng vun de véier grousse Kollektioune vun de Peepst hire Bullen (Ordenanzen) an der Kierchegeschicht, déi vu 1727 u beim Stater Libraire an Editeur André Chevalier erauskoum, dee gréisste Buchprojet vun der Lëtzebuerger Geschicht war?