Schabloun:WDS 6. Juni
- ... siwe Lëtzebuerger op der Säit vun den Alliéierte de 6. Juni 1944 bei der Operation Overlord am Asaz waren? Et waren dat bei de Buedemtruppen de Charles-André Schommer op 'Omaha Beach' an op Sword Beach de Pierre Laux bei den engleschen Truppen an den Antoine Neven, Jean Neven, Félix Peters a Jean Reiffers beim franséische Commando Kieffer. De Jean-Bernard Ney war deen Dag als Navigateur u Bord vun engem Fliger vun der englescher Aviatioun iwwer 'Omaha Beach' am Asaz.
- ... de gebiertegen Iechternacher Jules Hoffmann 2011 den Nobelpräis fir Medezin kritt huet an zanter 2012 Member vun der Académie française ass?
- ... de Meter 1793 als den 10-milliounsten Deel vun der Distanz vum Pol bis bei den Equator vum Äerdmeridian, op deem Paräis läit, definéiert gouf, an e Prototyp vun dësem Meter 1795 a Messeng gegoss gouf?
- ... de Konschtturner Josy Stoffel vun 1949 bis 1964 ouni Ënnerbriechung Landesmeeschter am Turne war an u véier Weltmeeschterschaften, sechs Europameeschterschaften a fënnef Olympiaden deelgeholl huet?