Schlass Lauterbuer

Vu Wikipedia
Schlass Lauterbuer
Land Lëtzebuerg
Gemeng Iechternach
Plaz Lauterbuer
Koordinaten 49°47'46"N, 6°23'14"O
Architekt(en) Paul Mungenast
Datum vum Bau 1774
D'Schlass Lauterbuer (2015).

D'Schlass vu Lauterbuer ass en herrschaftlecht Haus zu Lauterbuer, an der Gemeng Iechternach. Et ass e fréieren Haff vun der Abtei Iechternach, deen haut a Privatbesëtz ass.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Haff vu Lauterbuer huet zanter enger Schenkung vum Propst Berengaud, tëscht 926 an 931, bis zu der Franséischer Revolutioun, zu der Abtei Iechternach gehéiert.[1]

Dat Gebai, dat haut nach do steet, gouf 1774 ënner dem Abt Michel Horman als Residenz vun engem vun de Patere vun der Abtei opgeriicht. Et huet en Haff ersat, dee 1766 als baufälleg deklaréiert gi war. Architekt war de Paul Mungenast.

D'Fassad vum Haaptgebai ass vertikal an 3 Deeler ënnerdeelt, mat um Rez-de-Chaussée an der Mëtt enger grousser Paart a lénks a riets dovun zwou méi klengen. Uewen um mëttelsten Deel ass en dräieckege Fronton mat engem Wopefeld. Lénks vum Haaptgebai ass e Wirtschaftsgebai ugebaut. Bis d'Ardennenoffensiv war och riets dovu sou ee Gebai, dat gouf awer am Krich zerstéiert an duerno ofgerappt.

1797 gouf de 6 Hektar groussen Domaine vu Lauterbuer, wéi dee ganzen anere Besëtz vun der Abtei, déi kuerz virdrun opgeléist gi war, versteet. An de Joerzéngten duerno huet en e puermol de Proprietär gewiesselt. Sou och 1935, wéi d'Hélène Thyra Seillière (1880-1973) e kaaft huet. Si war d'Duechter vum Barong Raymond Seillière an der Baronesse d'Orzegowska. 1977 goufe Gebaier a Gäert un den Giuseppe Gallo-Schlitz verkaaft, deen dee ganze Komplex restauréiere gelooss huet. An den 1990er Joren hunn d'Nokomme vum Armin Robinson den Domaine kaf.[2]

Zum Domaine gehéiert och eng kleng Kapell.  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kapell Lauterbuer.

D'Schlass Lauterbuer (ouni d'Kapell) gouf de 25. Oktober 1945 op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun den nationale Monumenter agedroen.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schlass Lauterbuer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.354-355.
  2. "Château Lauterborn – Ein Ort der Inspiration." Prospekt op auction.de.
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).