Schlass Mënsbech

Vu Wikipedia
Schlass Mënsbech
D'Schlass Mënsbech (2021)
Typ Schlass
Land Lëtzebuerg
Gemeng Schëtter
Plaz Mënsbech
Adress 31, Rue du Parc, Mënsbech
Koordinaten 49° 37’ 58.58’’ N
      06° 15’ 34.02’’ O
Proprietär Lëtzebuerger Staat
Statut Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter
D'Schlass Mënsbech, vum Jean-Baptiste Fresez an Nicolas Liez.

D'Schlass Mënsbech läit um westleche Bord vu Mënsbech, an der Gemeng Schëtter.

Am Schlass sinn de Centre pour le développement socio-émotionnel an den Institut étatique d'aide à l'enfance et à la jeunesse (Service Treff-Punkt) vum Educatiounsministère. Am Schlassgaart ass de Conservatoire du patrimoine des roses luxembourgeoises vun de Lëtzebuerger Rousefrënn.

Am Park beim Schlass stinn dräi bemierkenswäert Beem: e Käschtebam (Aesculus hippocastanum), eng Bluttbuch (Fagus sylvatica Purpurea) an eng Eech (Quercus sp.).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Schlass gouf 1775 als Residenz am Barockstil gebaut. Et huet zwéin Tierm, déi méi spéit bäikoumen[1] an eng Rëtsch Dependencen. Eng Zäit laang huet d'Famill Funck-Brentano dra gewunnt.

Den Institut universitaire international Luxembourg deen 1974 gegrënnt gouf[2], hat säi Siège bis 2018[3] am Schlass an huet do Coursen a Business, Europäeschem Droit a Management am ëffentleche Secteur ugebueden.

D'Areal vum Schlass gouf den 8. September 2009 op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen[4].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schlass Mënsbech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. kuckt d'Bild vu Fresez/Liez aus den 1830er Joren, wou se nach net drop sinn.
  2. Règlement grand-ducal du 22 avril 1974 portant création de l'Institut Universitaire International de Luxembourg. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-10-11.
  3. Règlement grand-ducal du 23 août 2018 portant abrogation du règlement grand-ducal du 22 avril 1974 portant création de l'Institut Universitaire International de Luxembourg. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-10-11.
  4. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 11. Januar 2024).