Schwësterrepublik

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Schwëster-Republiken)
Champignons républicains, Charikatur aus dem Joer 1799

Schwësterrepublike (fr.: "République-Soeur") ware Staate mat Constitutiounen nom Virbild vun der Franséischer Republik, déi zanter 1792 duerch Militärinterventioun a Revolutiounsexport entstane sinn. Am Iwwergang zu der kontinentaleuropäescher Hegemonie vu Frankräich ënner dem Keeser Napoleon sinn d'Schwësterrepubliken zu Gonschte vun engem konstitutionell-monarchesche Staatssystem nees verschwonnen. De Begrëff betount d'Verwandschaft an d'Verbonnenheet vun dëse Republike géintiwwer vun de Monarchien, awer och aneren, prerevolutionnären (Adels-)Republiken wéi de Vereenegt Provënzen oder Venedeg.

D'Nimm selwer vun de Schwësterrepubliken, zum Beispill Batavesch Republik oder Cisalpinesch Republik goufe meeschtens vu geo- an ethnographesche Begrëffer aus der Antiquitéit ofgeleed. Déi besonnesch Nimm fir d'Alliéiert vum revolutionäre Frankräich koum deemools vun engem anere Versteestemech hir, wouran d'Wiese vun der Revolutioun bestanen huet. De spéidere Sënn - radikalen Neiufank a gewaltsame Fortschrëtt - stécht net am Wuert Revolutioun. Dëst huet ursprénglech „Réckwendung“ (lat. re-volutio) geheescht, nämlech fort vun enger feudaler Géigewart déi als degeneréiert ugesi gouf, zu de fréieren naturrechtlechen Zoustänn. D'Virdenker vun der Revolutioun hunn dës fräi Gesellschaften an der Antiquitéit verwierklecht gesinn, an der Réimescher Republik oder bei de keltesch-germanesche Vëlker. Dat héicht Alter vun de Begrëffer sollt souwuel fir e Géigegewiicht zu der Künstlechkeet vun der Staatebildung suergen, wéi och den neie Republiken eng gréisser Legitimatioun wéi d'Feudaluerdnung aus dem Mëttelalter verschafen.

D'Eruewerung vun de Nopeschstaten an hir Ëmwandlung zu Schwësterrepubliken hunn am éischte Koalitiounskrich a spéider de gréisstendeels gegléckte Versuch duergestallt, e militäresche Glacis fir Frankräich ze schafen; am Ufank huet also dat aggressivt Mëttel engem defensiven Zweck gedéngt. Déi meescht Schwësterrepublike sinn awer eréischt no der jakobinescher Phas vun der Franséischer Revolutioun 1793-1794 entstanen, an hiert Schicksal war enk mat der Carrière vum Napoleon Bonaparte zanter 1796 verbonnen. Si waren e wesentlecht Element vun der franséischer Innepolitik, wou den Napoléon den Takt virginn huet, andeems hie wärend sengen italieenesche Feldzich vill Republiken ausgeruff huet. Frankräich huet sech deemools schonn an d'Richtung vun der Herrschaft vun engem "staarke Mann" beweegt (Consulat zanter 1799 a Premier Empire zanter 1804); dës Schwësterrepublike waren net dozou bestëmmt, d'Revolutioun z'exportéieren, mä d'Autoritéit z'importéieren. a konsequenterweis waren an der zweeter, imperialer Phas vun der Ausdeenung vum franséische Muechtberäich zanter 1805 (Spuenien, Rhäinbond) d'Kinnekräicher a weider Fürstentümer déi vu Frankräich ofhängeg ware mat de Verwandte vum Keeser (Napoleoniden) un hirer Spëtzt besat.

Lëscht vu Schwësterrepubliken *[änneren | Quelltext änneren]

*Dëst Lëscht ass net vollstänneg, et gouf eng grouss Zuel vu klengen ephemere Republiken, déi een dacks nëmmen an der Spezialliteratur vun der Geschichtsschreiwung erëmfënnt.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-Louis Harouel, Les républiques sœurs, Presses Universitaires de France, Koll. Que sais-je ?, Paräis, 1997, (ISBN 2-13-048004-7)
Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.