See

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Fuusseschwanz
Eng Seemaschinn
Seeën aus der Steenzäit
Den Apostel Simon mat sengem Attribut

Eng See ass en Handwierksgeschir, mat deem ee verschidde Materialer wéi Holz, Steng, Metall, asw. a Stécker schneide kann.

Seeë gi bei ville Beruffer gebraucht, vum Schräiner bis hin zum Chirurg.

Eng See besteet aus engem meeschtens metallene Blat, op deem op enger Säit a gläichméissegen Ofstänn "Zänn", d. h. Kräck, ageschnidde sinn. Duerch hin an hier-beweege vum Blat an e liichten Drock krazen déi Zänn kleng Spéin aus dem Material, a sou entsteet en Aschnëtt, eng Spléck, an, wann ee virufiert, en Duerchschnëtt vum Material.

D'Materialeegenschafte vum Seeblat an d'Form vun den Zänn sinn op d'Material, dat duerchzeseeën ass, ofgestëmmt.

Bei Seemaschinne komme meeschtens entweder Bandseeën, bei deenen d'Zänn op engem metallene Band sinn, dat ugedriwwe gëtt oder Kreesseeën (bei deenen d'Zänn um Bord vun enger metallener Scheif sinn) zum Asaz.

D'Seeën ënnerscheet sech vum Schneiden an Ofpëtzen doduerch, datt beim Schneide kee Material (Spéin, "Seemiel") zergrimmelt gëtt, a beim Pëtzen d'Material duerch Drock verformt gëtt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

An der griichescher Mythologie gëllt de Perdix, den Neveu vum Daidalos, als Erfinder vun der See.

Seeënaarteg wierkend Feiersteng sinn an Europa schong zanter dem Mesolithikum a Gebrauch. D'See aus Metall ass an Egypten entstanen. Dat réimescht Handwierk huet vill Zorte vu Seeë geschaaft, déi bis zum 14. Joerhonnert bal net verännert goufen. Wéi d'See aus Stol am 15. Joerhonnert opkoum, gouf se vun de Kouertenheeër als Ersatz fir d'Aaxt geholl. Haut gëtt et nieft einfachen Handseeën, wéi se sech deelweis aus den historesche Seeë weiderentwéckelt hunn, och nieft vu Motoren ugedriwwene stationäre Seemaschinne vill Zorte vun handgeféierte motorgedriwwene Seemaschinne fir vill speziell Aarbechten.

Symbolik[änneren | Quelltext änneren]

An der chrëschtlecher Ikonographie ass d'See d'Attribut vum Jousef, an, als Märtyrerinstrument, vum Jesaja a vum Apostel Simon.[1] D'See ass och d'Symbol fir déi personifizéiert Melancholie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Seeën – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Hall, J. (2000). Hall's Iconografisch Handboek. Leiden: Primavera Pers. ISBN 9074310052