Sender 1212

Vu Wikipedia

Sender 1212, och Annie genannt, war e Radiosprogramm an däitscher Sprooch, dee vum Dezember 1944 bis kuerz viru Krichsenn, de 25. Abrëll 1945, vu Lëtzebuerg aus iwwer d'Anlage vu Radio Lëtzebuerg op der Laangwellefrequenz 1214,5 Meter nuets vun zwou bis sechs Auer Noriichten ausgestraalt huet an dee vum amerikanesche Militärgeheimdéngscht, dem Office of Strategic Services, bedriwwe gouf. De Verantwortleche fir de Sender 1212 war den Hans Habe; mat dobäi waren och de Stefan Heym an den Hanus Burger. Si hunn zu där Unitéit gehéiert, déi Ritchie Boys genannt gouf.

Dat Besonnescht un deem Sender war, datt déi ganz Zäit duerch sou gemaach gouf, wéi wann et en däitsche Resistenz-Radiosender wier, deen heemlech am Rheinland géif senden an dee géint den Hitler a fir en Enn vum Krich opgeruff huet. Domat fält en an d'Kategorie vun der sougenannter schwaarzer Propaganda, bei där, am Géigesaz zu der wäisser, verschleiert gouf wien dohanner stécht. Dës Fiktioun gouf bis zum Schluss oprechterhalen, wéi de Sender soit-disant vun amerikaneschen Truppen eruewert gouf.

Den Alfred Hitchcock hat sech nom Krich d'Filmrechter op där Episod geséchert, huet s'awer net verfilmt-

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Meder, C.: "Psychologische Kriegsführung made in Luxembourg: der Geheimsender '1212'". In: Galerie: revue culturelle et pédagogique 12 (1994), n° 2, p. 253-278.
  • Meder, C.: "Stefan Heym und der Kampf um die Ätherwellen: nur ein nützlicher Ausländer in amerikanischer Uniform?" In: Galerie: revue culturelle et pédagogique 13 (1995), n° 3, p. 433-441.
  • Burger, H.: 1212 sendet. Tatsachenroman. Berlin: Militärverl., 1965.

Film[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt en Tëleesfilm aus dem Joer 1983 vum Rudolf Nussgruber, Geheimsender 1212, deen déi Episod als Theema huet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.