Serge Ecker

Vu Wikipedia
Serge Ecker
Gebuer 1982
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur

De Serge Ecker, gebuer 1982 zu Esch-Uelzecht an opgewuess zu Keel, ass e lëtzebuergesche Sculpteur, 3D-Graphiker an Installatiounskënschtler.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Säi Secondaire huet en am Lycée des arts et métiers um Lampertsbierg gemaach. Duerno huet en zu Nice Filmwëssenschaft studéiert mat Schwéierpunkt op 3D-Animatiounsfilmer a Spezialeffekter.

D'Melusina bei der Uelzecht am Gronn.

No sengem Studium huet en zu Köln bei engem Animatiounsstudio fir Publicitéits- an Dokumentarfilmer geschafft. Zu Lëtzebuerg huet en duerno fir ee Joer beim Architektebüro Ballinipitt geschafft éier en am Dezember 2008 seng eege Firma am Beräich vum 3D-Design gegrënnt huet. Gläichzäiteg gouf en och als Kënschtler aktiv an huet sech duerch kritesch Wierker ë. a. iwwer Lampedusa an d'Installatioun Forget the Names, Let's Talk about Numbers en Numm gemaach. Hien huet zanter 2010 ausser zu Lëtzebuerg och e Wunnsëtz zu Berlin, wou e sech fir seng kënschtleresch Aarbecht inspiréiert. Hi war deen Éischten zu Lëtzebuerg deen en 3D-Drécker fir seng Aarbecht benotzt huet an och fir kënschtleresch Zwecker agesat huet.

Wéi d'Stad Lëtzebuerg 2013 fir den 1050. Anniversaire vun der Stad Lëtzebuerg e Concours ausgeschriwwen hat fir eng Skulptur vun der Melusina z'entwerfen, déi spéider am Stadgronn sollt placéiert ginn, huet en do matgemaach. De 25. Februar 2014 ass hien als Gewënner vum Concours bekannt gemaach ginn[1]. Seng Melusina-Skulptur, déi och mat Hëllef vun engem groussen 3D-Drécker entstanen ass[2], gouf dann de 14. Oktober 2015 am Gronn géigeniwwer vun der Abtei Neimënster ageweit[3].

Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Inertia of the Real, September - Oktober 2015 an der Galerie Dominique Lang zu Diddeleng

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Melusina" kommt in den Stadtgrund op wort.lu vum 25. Februar 2014
  2. Zu Besuch beim Künstler Serge Ecker in Berlin op wort.lu vum 13. Oktober 2015
  3. Cf. Nonet 2015 an der Literatur.