Sophie Wilmès
| Sophie Wilmès | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
15. Januar 1975 Ixelles |
| Nationalitéit | Belsch |
| Educatioun | Facultés universitaires Saint-Louis |
| Aktivitéit | Politikerin, Ekonomistin |
| Partei | Mouvement réformateur |
| Fonctioun | Deputéierten, Premierministesch vun der Belsch, Europadeputéiert |
| Bestuet mat | Christopher Stone (2009–) |
|
| |
D'Sophie Wilmès, gebuer de 15. Januar 1975 zu Ixelles / Elsene, ass eng belsch Politikerin vum Mouvement réformateur (MR).
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]D'Sophie Wilmès huet um Institut des Hautes Études de Communications Sociales (IHECS) Kommunikatiounswëssenschafte studéiert an hire Studium 2002 um Institut Supérieur de Commerce Saint Louis, an Owescoursen iwwer Finanzmanagement ofgeschloss. Dono huet si e puer Joer als Assistentin bei der Europäescher Kommission am Beräich Budgetskontroll, an dann als Expert fir Droit économique et commercial an engem Affekotecabinet geschafft.
2000 ass si an de Gemengerot vun Uccle / Ukkel gewielt ginn, an 2005 an dee vu Sint-Genesius-Rode, wuer se geplënnert war. 2014 ass si fir den Didier Reynders an dat federaalt belsch Parlament nogeréckelt. Vu September 2015 bis Oktober 2019 an de Regierunge Michel I and II, ënnert hirem Virgänger, dem Charles Michel, Budgetsministesch.
Vum 27. Oktober 2019 bis den 30. September 2020 war si Premierministesch faisant fonction vun der Belsch, an domat déi éischt Fra an där Funktioun[1].
Dono war si vum 1. Oktober 2020 bis de Juli 2022 Ausseministesch an der Regierung vum Alexander De Croo.
D'Sophie Wilmès huet véier Kanner[2].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Sophie Wilmès – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Sophie Wilmès nommée Première ministre par intérim, première femme à ce poste". La Libre, 27. Oktober 2019.
- ↑ Catherine Ernens: "Ministre modèle ou notaire du budget : qui est Sophie Wilmès ?" in L'Avenir, 28. September 2016.
