Spréif

Vu Wikipedia
Spréif
Eng Spréif

Eng Spréif
Eng Spréif
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Spatzevullen
Famill: Sturnidae
Gattung: Sturnus
Wëssenschaftlechen Numm
Sturnus vulgaris
Linnaeus, 1758

D'Spréif (Sturnus vulgaris) ass e Vull aus der Famill vun de Sturdinae, vun där se déi an Eurasien am wäitste verbreet Aart ass.

Morphologie[änneren | Quelltext änneren]

D'Spréif ass, mat enger Längt vun 19 bis 22 cm eppes méi kleng wéi d'Märel. Am Verglach mat dëser ass hire Schwanz däitlech méi kuerz. D'Flilleke wierke beim Fluch dräieckeg a spatz. D'Spréiwe-Männchen ass eng 5 Gramm méi schwéier wéi d'Weibchen (an der Moyenne 81 g géigeniwwer 76 g). Soss gesi se bal d'selwecht aus, d'Weibercher vläicht eng Grëtz méi blatzeg.

Hir Fiedere sinn bal schwaarz, mat metallesch-blénkege gréngen oder purpurfaarwegen Tëppelen, a beigë bis wäisse Spëtzten. De Schniewel ass jee no Joreszäit, gielzeg bis däischter. D'Bee si routbrong, d'Iris vun den Aen ass donkelbrong. Wa se jonk sinn, si se nach net blénkeg, mee éischter knaschteg-brong.

D'Spréif imitéiert gär de Gesank vun anere Villercher, a kléngt soss ganz variabel.

Verbreedung[änneren | Quelltext änneren]

D'Spréif kënnt an de borealen an den temperéierte Klimazone vir, souwéi um Nordrand vun der mediterraner Zon vun Europa an Asien, vun Island an Norwegen bis a Mëttelsibirien ongeféier bis bei de Baikalséi.

Verbreedung
Eeër

D'Spréif baut hir Nascht, dat aus zesummegetässeltem mëlle Material besteet, an Hielen, sief et am Fiels, oder a Beem oder soss Huelraim. D'Männercher si meeschtens vu Bréiecht zu Bréiecht mat engem anere Weibchen zesummen. D'Eeër sinn hellgréng bis hellblo a weien eng 6,6 Gramm, bei engem Duerchmiesser vu ronn 31 op 21 Millimeter. D'Bréiecht besteet aus 4 bis 8 Eeër, déi no 11 bis 13 Deeg ausgebréit sinn. Déi kleng bleiwe knapps 3 Wochen am Nascht, ier se ausfléien (A Mëtteleuropa ass dat tëscht dem 20. Mee an dem 10. Juni).

Ernierung[änneren | Quelltext änneren]

Koppel am Kiischtebam

Spréiwe si generell Allesfrësser, hire Kascht ass awer jee no Joreszäit ënnerschiddlech. Am Fréijoer an am Summer virun allem Gedéiesch - Wierm, Insektelarven, Schleeken, ... - um Buedem, soss am Joer éischter Uebst a Bieren, virun allem Äppel a Kiischten, soss och Drauwen an Oliven.

Migratioun a Sozialverhalen[änneren | Quelltext änneren]

D'Spréif ass an Europa jee nodeems wou, e Stand- oder en Zuchvull. Wat ee méi no Norden an no Oste geet, wat d'Spréif éischter a méi wäit am Wanter no Süden an no Westen zitt. Déi aus Mëttel- an Osteuropa zéien alt 1.000 bis 2.000 km an de Mëttelmierraum an an Nordwestafrika, souwéi a Westeuropa fir z'iwwerwanteren.

Spréiwe sinn d'ganzt Joer duerch gär a Schwäerm ënnerwee.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Spréif – Biller, Videoen oder Audiodateien