De Sprangbuer am Eecher Bierg ass e Sprangbuer bei der Sortie vum Helleg-Geescht-Tunnel an der Stad. E läit op der ëstlecher Säit vum Eecher Bierg, op der Héicht wou de Boulevard Royal ufänkt.
De Buer ass als Hallefkrees ugeluecht an d'Waasser sprëtzt aus néng Fontainen eraus. De Buer gouf bei der Ouverture vum Tunnel 1988 ageweit.