Stand

Vu Wikipedia

Stand (pl: Stänn) ass ee Begrëff deen am Mëttelalter opkoum an dee bis zur Franséischer Revolutioun vu 1789, plazeweis och nach duerno, z. B. an Holland an zu Lëtzebuerg, als Element vun der Gesellschaft, d'Glidderung vun der Bevëlkerung erëmgespigelt huet.

Sozial gesinn "stoung" jiddereen hei oder do, huet deemno zu engem Stand gehéiert: zum Klerus (éischte Stand), zum Adel (zweete Stand) oder zum Drëtte Stand, an deem am Fong all déi manner privilegiéiert Leit regruppéiert waren, ob s'als Händler oder Handwierker eventuell Bierger vun enger Stad waren, oder als Baueren oder Klengkréimer um Land gelieft hunn. Klerus an Adel waren an deem Sënn privilegiéiert, well se relativ no beim Herrscher stoungen, héich Ämter uvertraut kruten a bal keng Steiere bezuelt hunn. Den Drëtte Stand, sengersäits, huet all déi Kategorië vu Leit zesummegefaasst, déi physesch oder intellektuell geschafft hunn an nëmmen dovu konnte liewen: fräi Beruffer (Notairen, Affekoten, Medezinner, Apdikter...), lokal Beamten, Beruffer déi an der Reegel a Gilden oder an Zënft organiséiert waren (Händler an Handwierker) an déi breet Mass vun de Baueren, ob se fräi waren oder - wéi meeschtens - vun engem adelegen Här oder vun enger Klouschtergemeinschaft ofhängeg waren.

D'Stänn waren net figéiert, et gouf eng gewësse Mobilitéit. Et gouf jo keen an de Klerus eragebuer; an et war méiglech, fir wéinst senge Verdéngschter oder wéinst enger héijer Funktioun déi een hat (z. B. an der Magistratur), geadelt ze ginn a sou den Drëtte Stand ze verloossen.

Den Herrscher huet d'Stänn heiansdo ëm Rot gefrot oder huet se froe missen. Dann hunn d'Stänn Delegéiert gewielt, déi sech do, wou den Herrscher sech grad opgehalen huet, mat him versammelt hunn, fir eng Decisioun z'erméiglechen. Dobäi goung et meeschtens ëm Steieren oder militäresch Obligatiounen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Generalstänn.