Staudämm vun der Eau d'Heure

Vu Wikipedia
Staudämm vun der Eau d'Heure
De Barrage vun der Plate-Taille
Informatiounen
Land Belsch
Provënz Hainaut
Provënz Namouer
Gemengen Cerfontaine
Froidchapelle
Volume vun de Séien 86,0 hm3
Turbinnen 4 Turbinne-Pompelen
Leeschtung 125 MW
Baujoer 1972-1977
A Betrib 4. Februar 1980

D'Staudämm vun der Eau d'Heure sinn e Komplex vu fënnef Staudämm um Laf vun der Eau d'Heure a sengen Niewebachen. Se bestinn aus zwéi grousse Stauséien an dräi klengen. Ausser der Waasserspäicherung hunn déi zwéi grouss och nach d'Funktioun vun engem Pompelspäicherwierk. Et ass déi gréisst kënschtlech ugeluecht Waasserfläch an der Belsch a se leie knapps ënner der Waasserscheed déi d'Anzuchsgebitt vun der Eau d'Heure vun der Hante hirem trennt.

Zweck vun de Staudämm[änneren | Quelltext änneren]

Eng vun den Haaptursaache fir de Komplex vun der Eau d'Heure ze baue war de schappegen Debit vun der Sambre an dréchene Joren deen d'Schëfffaart onméiglech gemaach hätt an déi zweet war d'fir Waasserqualitéit op engem acceptablen Niveau fir den industrielle Gebrauch ze halen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Waasseralimentatioun vun der Sambre.

Déi grouss Dämm[änneren | Quelltext änneren]

Am Ufank waren opgeschodde Gestengsdämm virgesinn, dat haaptsächlech well d'Méiglechkeet bestanen huet fir um hallwe Wee tëscht den Dämm laanscht der aler Eisebunnslinn eng Steekaul opzemaachen, wat d'Transportkäschten an deemno d'Käschte vum ganze Bau staark reduzéiert hätt.

Wéi méi spéit decidéiert gouf fir um Fouss vun der Plate Taille eng elektresch Zentral matzebauen gouf festgestallt datt do eng Gewiichtsstaumauer aus Eisebëtong méi Avantagen hätt, well mat sou enger Mauer d'Längt vun den Drockréier, vu 4,50 m Duerchmiesser, op e Minimum reduzéiert gouf.

Plate Taille[änneren | Quelltext änneren]

Barrage[änneren | Quelltext änneren]

De Séi bei der d'Staumauer
D'Staumauer vun der Plate Taille

De Barrage de la Plate Taille am Dall vun der klenger Baach Plate Taille ongeféier 700 m virun där hirem Zesummelaf mat der Eau d'Heure, ass ee vun den zwéi grousse Barragen déi zum Staudammkomplex vun der Eau d'Heure gehéieren. Et ass d'Staumauer vum ieweschte Baseng vum Pompelspäicherwierk Plate Taille.

D'Staumauer ass 70 Meter héich (Fëllementer matgerechent) an op der Kroun huet s'eng Längt vu 790 Meter. Iwwer d'Kroun féiert eng Strooss déi Cerfontaine mat Boussu-lez-Walcourt verbënnt. Fir de Bau vun der Mauer goufe 646.000 Bëtong veschafft, an den opgestaute Séi huet eng Fläch vun 347 Hektar.

En huet en Iwwerlaf vu 40 Felder déi allkéiers 3 m breet sinn, an déi ënner der Strooss leien déi iwwer de Barrage féiert. D'Waasser dat do erausleeft fält ënnen a Berouegungbasengen déi als Kaskaden ugeluecht sinn fir dann dueno iwwer e 6,5 breede Kanal evakuéiert ze ginn. De Barrage huet dräi Réier vun engem Duerchmiesser vun 2,4 Meter, fir de Séi eidellafen ze loossen. Domat kann de Waasserstand am Fall wou Anomalië géife festgestallt ginn, séier erofgesat ginn.

Wéinst de grousse Quantitéit vu Waasser déi all Dag iwwer d'Turbinnen erauslafen oder erogpompelt ginn gouf flossof vun der elktrescher Zentral en 120 Meter breede Verbindungkanal bi bei den ënneschte Séi gebaut.

Elektresch Zentral[änneren | Quelltext änneren]

Well vu vireran zwéi grouss Séie virgesi waren tëscht deenen en Héichtenënnersched vu 45 Meter war, huet sech séier erausgestallt datt d'Installatioun vun engem Pompelspäicherwierk intressant wier, dat ëmsou méi well mat de Konstruktiounen an Acqusitiounen déi d'Office hu misse gemaach ginn scho gutt 50 % vun de Käschte vum Pompelspäicherwwierk gedeckt waren. De Manktem vun Héicht hätt eventuell dergéint geschwat, mä op der anerer Säit konnten déi knapps 50 Meter laang Drockleitungen, an d'Méiglechkeet fir d'Elektresch Zentral direkt um Fouss vum Damm ze bauen, d'Baukäschte ganz niddreg halen, a sou e gudde Rentablitéitsfacteur garantéieren. Déi niddreg Investitiounskäschten a d'Proximitéit vun engem Raum wou vill Energie gebraucht gëtt (Industriegéigend ëm Charleroi) hunn déi Konstruktioun dofir intressant gemaach.

Vum ekonomesche Standpunkt aus gesinn, sollt d'Belsch 10 % vu senger elektrescher Energie vu Pompelspäicherwierker kréien, an dat Späicherwierk huet sech gutt an deem Kader ageschriwwen.

Ekipement[änneren | Quelltext änneren]

An der elektrescher Zentral sti 4 reversibel Gruppe vu Pompel-Turbinne mat vertikalen Achsen. Iwwer jiddwer Grupp steet e Motor-Alernater. All Grupp ass mam ieweschte Baseng mat enger Drockleitung mat engem Duerchmiesser vu 4,5 Meter verbonnen. All Leitung huet e Sécherheetsschiber. No ënne si s'am Evakuatiounskanal op. Op all Grupp sëtzt ausserdeem en Hëllefsmotor fir d'Pompelen ze demarréieren. Baussen nieft der Zentral stinn zwéin Opspanntransformateren an d'Verbindung mam Verdeelerreseau geschitt iwwer eng 150-Kv Héichspannungsleitung déi vu Monceau op Neuville féiert. Fir eng séier Adaptatioun un de Verbrauch vum Reseau kënnen ze maachen, gëtt d'Zentral op Distanz vun de Kontrollzentre vun de Verdeelerstatioune gesteiert.

Eau d'Heure[änneren | Quelltext änneren]

Den Damm vun der Eau d'Heure steet eng ronn 1.500 Meter flossop vun der Uertschaft Silenrieux, um lieu-dit Loripette. Et ass en opgeschoddene Gestengsdamm deen flossop mat enger Bitumeschicht ofgedicht ass. En huet zwéi Réier vun 1,80 Meter Durchmiesser fir de Séi eidellafen ze loossen. Um Kapp dervu steet en tuerm vun aus d'Schibere gestéiert ginn. Den Iwwerlaf an déi zwou Leitunge lafen an e gemeinsame Berouegungsbaseng, vun deem aus d'Waasser nees an den natierleche Laf vun der Eau d'Heure kënnt.

Um Fouss vum Barrage steet eng kleng elektresch Zentral déi d'Energie vum Waasser, dat an d'Eau de l'Heure lafe gelooss gëtt ausnotzt. Si liwwert och de Stroum fir d'Motoren déi d'Pompelturbinnen op der Plate Taille lancéieren.

Iwwersiicht an Tabelleform[änneren | Quelltext änneren]

Ckarakteristiken Eau d'Heure Plate Taille
Bau
Typ Gestengsdamm Bëtongsgewiichtmauer
Bauvolumen 326.000 646.000
Krounelängt 250 m 790 m
Niveau vun der Koun 211,50 m 252,00 m
Iwwerlaf 2 Schächt mat Hiefschiberen
Max. Debit 234 /sec.
40 Schächt mat fester Schwell.
Oflaf 2 Réier vun 2.200/1.800 ø
mat Tellerschiberen
max. Debit 72 m3/sec.
2 Réier vun 2.400/2.000 ø
mat Tellerschiberen
max. Debit 210 m3/sec.
Hydrologie
Anzuchsgebitt 7.860 Hektar 770 Hektar
Héicht vum Thalweg 188,00 m 201,80 m
Héchswaasserstand 207 m (aussnahmsweis 208,5 m) 25,00 m
Waasserfläch vum Séi 261 Hektar
(mat de Virstauen)
347 Hektar
Waasservolumen 17,3 mio
(mat de Virstauen)
66,5 mio
Alimentatioun natierlech mat Pompelen
Hydro-elektrescht Ekipement
Installatiounen 2 Turbinnen 4 Tubinne-Pompele mat 90 /sec.
Leeschtung 300 - 600 Kw 100.000 bis 125.000 Kw
Gepompelten oder turbinnéierten
deegleche Volumen
-- 6.500.000

Déi kleng Dämm[änneren | Quelltext änneren]

Virstau vu Féronval[änneren | Quelltext änneren]

De Virstau vu Féronval ('Prébarrage de Féronval an den éischten Dokumenter als Prébarrage de Boussu ze fannen) besteet aus enger Staumauer aus kompaktéiertem Gestengs dat beim Ausbaggere fir d'Fëllementer vun der Staumauer vum Staudamm Eau d'Heure ewechgefall ass.

Op der Kroun vum Däich déi op 212,12 m läit, a 75 m breet an 120 m laang ass konnt eng Parkplaz fir 200 Autoen amenagéiert ginn. Den Däich ass ronn 16 m héich an an der Mëtt ass op der ganzer Längt eng stole Wand aus Z-Profiller agebaut.

De Séi, op deem sengen Uwänner en ettlech Fräizäitinstallatiounen ze fanne sinn, ass 17 Hektar grouss.

Op enger Kopp just niewendrun ass e Belvedère vun deem aus een eng gutt Vue op d'Stauwierker an de Séi huet.

Virstau Ry Jaune[änneren | Quelltext änneren]

D'Staumauer um Ry Jaune steet an engem Dall mat relativ géien Hänk an iwwer deen déi nei Strooss vu Silenrieux op Cerfontaine feiert. Dee géie Relief huet d'Etude vun engem korrekte Profil zimmlech schwéier gemaach. Fir sech d'Saach méi liicht ze maachen, gouf decidéiert eng Béck aus Eisebëtong ze bauen déi um eigentleche Barrage sollt opleien. Logescherweis gouf dunn och d'Staumauer aus Eisebëtong gebaut, wat anengems de Virdeel hat datt net sou vill Material op déi relativ onzougänglech Plaz huet missen transportéiert ginn. D'Bréck huet 10 Felder vun 22 m an op all Säit eent vu 16 m. Et goufe virfabrizéiert Stécker aus virgespaantem Bëtong benotzt, déi noodeems s'op hirer Plaz stounge matenee verbonne goufen an duerno an engem Stéck zougegoss goufen. D'Strooss ass 22 m iwwer dem Fong vum Dall.

D'Staumauer besteet aus enger 95 cm décker Eisebëtongsplack déi an engem Wénkel vu 45° op 80 cm décke Stëtzmauere läit. D'Stëtzmauere stinn an Ofstänn vu 7,33 m. En huet en Iwwerlaf dee 6,53 cm breet ass an zwou Leitunge, vun 1 m Duerchmiesser, fir eidellafen ze loossen. Déi kënne mat Tellerschiberen op- an zougemaach ginn.

Virstau Falemprise[änneren | Quelltext änneren]

De Virstau vu Falemprise (Prébarrage de Falemprise an alen Dokumenter och Prébarrage de Cerfontaine genannt') steet op där Plaz wou fréier am Dall d'Eau d'Heure an de Ruisseau de Soumoy zesummegelaf sinn. Well hei de Längsprofil méi einfach war wéi um Ry Jaune gouf op en opgeschoddenen Däich aus Gestengs verzicht, grad sou wéi op eng massiv Gewiichtsstaumauer aus Eisebëtong. D'Staumauer besteet aus engem no uewen opeenen U asu Eisebëtong de mat Gestengs opgefëllt gouf, an d'Strooss gouf op dat Gefëlls gebaut.

Iwwersicht an Tabelleform[änneren | Quelltext änneren]

Numm Natierlech
Héicht
Waasserstand
(Normal)
Waasserstand
(Maximum)
Héicht
Fëllementer
Fläch Typ Bauvolumen
Féronval
(Fréier:Boussu)
196 207,0 212,00 196,00 17 ha Gestengsdamm 167.000
Ry Jaune 198 210,0 211,00 194,30 29 ha Eisebëtong-
Gewiichtsdamm
7.500
Falemprise
(Fréier:Cerfontaine)
202 208,5 212,80 200,10 50 ha Eisebëtongshuelkëscht
déi opgefëllt gouf
12.000

Stroossennetz[änneren | Quelltext änneren]

Well d'Eisebunnsstreck déi d'Uertschafte Cerfontaine, Silenrieux a Boussu-lez-Walcourt matenee verbonnen huet, suppriméiert gouf, a well de Bau vu sou engem grousse Komplex vill Transporter generéiert huet huet missen e kapabelt Stroossennetz ugeluecht ginn. Dat neit Stroossennetz gouf deelweis op der desaffektéierter Eisebunnsstreck gebaut an et ensprécht de Caracteristiquë vun den zweetrangege Staatsstroossen. Dozou goufen en ettlech Parkplazen ugeluecht.

D'Linn 132, déi tëscht Walcourt a Mariembourg ëmgeleet gouf, gouf mat enger neier Strooss, der N978, tëscht Silenrieux a Cerfontaine ersat. Déi féiert iwwer d'Virstaue vum Ry Jaune a vu Falemprise. No Cerfontaine leeft s'iwwer déi al Eisebunnstreck bis op Neuville-le-Chaudron.

D'Strooss tëscht Boussu-lez-Walcourt a Cerfontaine gouf vum ënneschte Séi ënner Waasser gesat. Déi Streck déi dervu Rescht war, gouf frësch amenagéiert. Um lieu-dit Badon gëtt s'iwwer d'Héichte weidergeleet a Richtung Plate Taille, wou s'iwwer d'Staumauer leeft fir op der Héicht vum Virstau Falemprise nees op déi al Streck ze stoussen. Am Norde schléisst e Raccord, deen iwwer d'Staumauer vun der Eau d'Heure an déi vu Féronval féiert, den touristesche Circuit vun de 5 Séien of.

Fir verschidde Proprietéiten déi wéinst dem Bau vun den Dämm isoléiert goufen, nees zougänglech ze maachen, an och fir Uschlëss un déi nei rekreativ Plazen ze maachen, goufen en etech nei Weeër ëm de Séi vun der Plate Taille a laanscht de Ry Jaune an de Ruisseau de Soumoy ugeluecht.

Tourismus a Sport[änneren | Quelltext änneren]

Um a laanscht de Séi gëtt et vill Méiglechkeete fir sech d'Zäit ze verdreiwen. Et kann e seegelen, surfen, mam Kajak fueren, dauchen oder fëschen. Mat enger Faart am Roude Krokodil dem Amphibiebus kann ee ronderëm an um Séi spadséiere fueren. Vum 107 Meter héijen Aussiichtstuerm, dee 65 m iwwer d'Kroun vum Staudamm erauskuckt huet en eng Vue iwwer praktesch de ganze Barragekomplex.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]