Tëschent den Zeilen
Ausgesinn
| Tëschent den Zeilen | |
|---|---|
| Buchstyp | Roman |
| Auteur | Jhemp Hoscheit |
| Ursprongsland | Lëtzebuerg |
| Säiten | 295 |
| Erauskomm | 2022 |
| Verlag | Kremart Edition |
| Sprooch | Lëtzebuergesch |
| ISBN-13 | 978-99959-39-53-3 |
|
| |
Tëschent den Zeilen ass e Roman op Lëtzebuergesch vum Jhemp Hoscheit, deen 2022 bei Kremart Editions hirer Serie Kanephora erauskoum.
Ëm wat geet et am Roman?
[änneren | Quelltext änneren]De Roman thematiséiert d'Liewe vun der Famill Gelser tëscht dem Mäerz an dem Juni 2020, an der Zäit vum Confinement nom Ausbroch vun der COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg. De Papp ass Auteur, d'Mamm schafft bei enger Assurancë-Gesellschaft, an d'Lena, hir Duechter, ass eng Schülerin am Teenager-Alter. Allen Dräi musse s'ewell hiren Alldag op ongewinnt Manéier vun doheem aus bewältegen, wat net ëmmer evident ass...
