Tadeusz Mazowiecki

Vu Wikipedia
Tadeusz Mazowiecki
Gebuer 18. Abrëll 1927
Gestuerwen 28. Oktober 2013
Warschau
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Polen
Aktivitéit Politiker, Schrëftsteller, Journalist, Gewerkschaftler
Famill
Kanner Wojciech Mazowiecki
Den Tadeusz Mazowiecki (1989).

Den Tadeusz Mazowiecki, gebuer den 18. Abrëll 1927 zu Płock a gestuerwen den 28. Oktober 2013[1], war e polnesche Schrëftsteller, Journalist a liberale Politiker. Vun August 1989 bis Dezember 1990 war hie Ministerpresident vun der Republik Polen.

De Mazowiecki huet 1958 déi kathoulesch-intellektuell Zäitschrëft "Więź" gegrënnt a gouf hire Chefredakter. Vun 1961 bis 1971 war hie fir de kathoulesche Mouvement Znak ('"Zeechen") war hien Deputéierten am Sejm. Duerno war e Member vun oppositionelle kathoulesche Beweegungen, ë. a. dem Klub Inteligencji Katolickiej (KIK), déi offe géint d'kommunistescht Regimmer opgetrueden ass.

1980 gouf e Conseiller a Publizist vun der Gewerkschaft Solidarność. Nodeem den 13. Dezember 1981 d'Krichsrecht deklaréiert gi war, koum hien 1981 bis 1982 an de Prisong.

1989 war en nees Conseiller vum Lech Wałęsa bei de Gespréicher um Ronnen Dësch, fir eng friddlech Demokratiséierung an d'Weeër ze leeden. De 24. August 1989 gouf e vum Sejm, dem Parlament, zum Ministerpresident gewielt. Hie war domat deen éischte polnesche Ministerpresident nom Zweete Weltkrich, deen net Member vun der kommunistescher PVAP war. No der verluerener Presidentschaftswal (hie war Kandidat ma gouf net gewielt) ass en de 14. Dezember 1990 als Ministerpresident zeréckgetrueden.

1990 bis 1995 war hie President vun der liberaler Partei Unia Demokratyczna ("Demokratesch Unioun'") an duerno vun der Unia Wolności ("Fräiheetsunioun"). Zanter 2001 war hie keen Deputéierte méi. 2002 ass en aus der Fräiheetsunioun ausgetrueden an huet sech zanter 2004 an der sozial-liberaler Partia Demokratyczna ("Demokratescher Partei") engagéiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

op Däitsch:

  • Mazowiecki, Tadeusz: Partei nehmen für die Hoffnung. Über Moral in der Politik. Geleitwort von Manfred Seidler. Mit einem Nachwort hrsg. von Georg Ziegler. [Übers. aus d. Poln. von Angelika Weber u. Georg Ziegler], Freiburg im Breisgau: Herder 1990, ISBN 3-451-21825-9

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tadeusz Mazowiecki – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Polen: Ex-Regierungschef Tadeusz Mazowiecki ist tot. spiegel.de, 2013-10-28.