Donald Tusk
Donald Tusk | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Donald Franciszek Tusk |
Gebuer |
22. Abrëll 1957 Gdańsk |
Nationalitéit | Polen |
Aktivitéit | Politiker, Historiker |
Partei | Biergerplattform, Europäesch Vollekspartei |
Den Donald Franciszek Tusk ['dɔnalt fran't͡ɕiʃɛk tʊsk], gebuer den 22. Abrëll 1957 zu Gdańsk, ass e polnesche Politiker. Hie war vum 1. Dezember 2014 bis Enn November 2019 President vum Europäesche Conseil.
Den Donald Tusk huet 2002 déi liberal-konservativ Platforma Obywatelska (kuerz PO, lb. Biergerplattform) matgegrënnt a war bis 2014 hire President.
Ausserdeem war hie vun 2007 bis 2014 Ministerpresident vun der Republik Polen. Den 30. August 2014 gouf hie vun de Staats- a Regierungscheffe vun der EU als Nofollger vum Herman Van Rompuy zum President vum Europäesche Conseil ernannt.[1]
Wierker[änneren | Quelltext änneren]
- Idee gdańskiego liberalizmu (Ideeë vum Danzeger Liberalismus), Biblioteka Przeglądu Politycznego, Tom I, Gdańsk 1998, ISBN 83-906004-0-4.
- Solidarność i duma (Solidaritéit an Houffert), Gdańsk 2005, ISBN 83-7453-640-3, ISBN 83-912807-6-4.
Hien ass ach Co-Editeur vun enger Serie Fotobicher Był sobie Gdańsk (Et war emol Gdańsk, ISBN 83-912807-9-9)
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Donald Tusk – Biller, Videoen oder Audiodateien |