Teide Observatoire
|
| |
| Typ | astronomeschen Observatoire |
|---|---|
| Bedreiwer | Instituto de Astrofísica de Canarias |
| MPC-Code | 954 |
| Opgaangen | 1964 |
| Websäit | https://www.iac.es/en, https://www.iac.es/es |
| Instrumenter | |
| Geographesch Situatioun | |
| Land | Spuenien |
| Regioun/Gemeng | Teneriffa |
| Koordinaten | 28°18'0"N, 16°30'35"W |
| Héicht | 2.390 m |
|
| |

Den Observatorio del Teide (Teide-Observatoire), och nach Observatorio de Izaña genannt, ass en Observatoire um Bierg Izaña, op der kanarescher Insel Teneriffa. E läit eng ronn 12 Kilometer ëstlech vum Bierg Teide op enger Héicht vun 2.400 Meter iwwer dem Mier. Den Observatoire gehéiert zum Instituto de Astrofísica de Canarias (IAC), a bilt zesumme mam Roque de los Muchachos Observatoire den Europäeschen Nordobservatoire.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Am Joer 1964 gouf den Observatoire offiziell opgemaach. Den éischten Teleskop war den Heliógrafo Razdow, deen haut net méi a Betrib ass. Duerch déi vergréissert Awunnerschaft vun Teneriffa hunn d'Bedingunge fir d'Himmelsfuerschung déi owes gemaach ginn, staark ofgeholl. Dofir huet sech den Teide-Observatoire op d'Sonnenobservatioun spezialiséiert, déi 24 Stonnen deeglech kooperativ mat aneren Observatoire bedriwwe gëtt.
Teleskopen
[änneren | Quelltext änneren]

Sonnenteleskopen a Sonnelaboratoire
[änneren | Quelltext änneren]- Vakuumtuermteleskop (VTT): Haaptsächlech fir d'Observatioun vun der Sonnenatmosphär agesat. Den Duerchmiesser vum Haaptspigel huet 70 cm. Kiepenheuer-Institut fir Sonnephysik, Freiburg (1989).
- THEMIS: E Sonnenteleskop, dat haaptsächlech fir d'Observatioun vun de Sonnemagnéitfelder gebaut gouf. De Projet baséiert op enger Zesummenaarbecht vu Frankräich an Italien.
- Sonnenteleskop GREGOR: En neit Sonnenteleskop mat 1,5 Meter Haaptspigel. Kooperatioun vun KIS, MPS an AIP.
- ChroTel: Robotescht Teleskop mat 10 cm Ëffnung fir d'Observatioun vun der ganzer Sonnescheif, installéiert um VTT.
Nuetsteleskopen
[änneren | Quelltext änneren]- Carlos Sánchez (TCS): 1,55 Meter Haaptspigel, 1972 vu Groussbritannien opgeriicht, zanter 1982 IAC, fir Infraroutobservatiounen optiméiert.
- Mons: 50 Zentimeter Haaptspigel, Universitéit Mons, 1972.
- IAC-80: 80 Zentimeter Haaptspigel, IAC, 1991.
- OGS: Optical Groundstation, 1 m Haaptspigel, European Space Agency, 1998, fir visuell Satellittekommunikatioun a fir optesch Observatioun vu Weltraumschrott.
- STARE: 10 Zentimeter Haaptspigel, High Altitude Observatory, 2001, Sich no extrasolare Planéiten.
- Bradford roboteschen Teleskop.
- STELLA roboteschen Duebelteleskop: 2 × 1,2 Meter Haaptspigel, Astrophysikalescht Institut Potsdam, 2006.
- SLOOH: roboteschen Teleskop vun Slooh USA, 2004.
Anisotropie vun der kosmescher Hannergrondstralung
[änneren | Quelltext änneren]- VSA (Very Small Array). Radiointerferometer
- COSMOSOMAS, Studium kosmologescher Strukturen, 1998
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Teide Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (es) (en) offiziell Websäit vum Observatorio del Teide
- IAC
- Themis
- Gregor
- ChroTel
- Bradford
- Stella
- Aarbechtsgrupp kosmesch Hannergrondstralung um IAC
