Teide Observatoire
Den Observatorio del Teide (Teide-Observatoire) ass en Observatoire um Bierg Izaña, eng ronn 12 Kilometer ëstlech vum Bierg Teide op enger Héicht vu 2400 Meter iwwer dem Mier, op der Insel Teneriffa, no deem hien och Observatorio de Izaña genannt gëtt. E gehéiert zum Instituto de Astrofísica de Canarias (IAC), a mécht zesumme mam Roque de los Muchachos Observatoire d'European Northern Observatory.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Am Joer 1964 gouf den Observatoire offiziell opgemaach. Dat éischt Teleskop war den Heliógrafo Razdow, deen haut net méi a Betrib ass. Duerch déi vergréissert Awunnerschaft vun Teneriffa hunn d'Bedingunge fir d'Himmelsfuerschung déi owens gemaach ginn staark ofgeholl. Dofir huet sech den Teide-Observatoire op d'Sonnenobservatioun spezialiséiert, déi 24 Stonnen deeglech kooperativ mat aneren Observatoire bedriwwe gëtt.
Teleskopen
[änneren | Quelltext änneren]Sonnenteleskopen a Sonnelaboratoire
[änneren | Quelltext änneren]- Vakuumtuermteleskop (VTT): Haaptsächlech fir d'Observatioun vun der Sonnenatmosphär agesat. Den Duerchmiesser vum Haaptspigel huet 70 cm. Kiepenheuer-Institut fir Sonnephysik, Freiburg (1989).
- THEMIS: E Sonnenteleskop, dat haaptsächlech fir d'Observatioun vun de Sonnemagnéitfelder gebaut gouf. De Projet baséiert op enger Zesummenaarbecht vu Frankräich an Italien.
- Sonnenteleskop GREGOR: En neit Sonnenteleskop mat 1,5 Meter Haaptspigel. Kooperatioun vun KIS, MPS an AIP.
- ChroTel: Robotescht Teleskop mat 10 cm Ëffnung fir d'Observatioun vun der ganzer Sonnescheif, installéiert um VTT.
Nuetsteleskopen
[änneren | Quelltext änneren]- Carlos Sánchez (TCS): 1,55 Meter Haaptspigel, 1972 vu Groussbritannien opgebaut, zanter 1982 IAC, fir Infraroutobservatiounen optiméiert.
- Mons: 50 Zentimeter Haaptspigel, Universitéit Mons, 1972.
- IAC-80: 80 Zentimeter Haaptspigel, IAC, 1991.
- OGS: Optical Groundstation, 1 m Haaptspigel, European Space Agency, 1998, fir visuell Satellittekommunikatioun a fir optesch Observatioun vu Weltraumschrott.
- STARE: 10 Zentimeter Haaptspigel, High Altitude Observatory, 2001, Sich no extrasolare Planéiten.
- Bradford robotescht Teleskop.
- STELLA robotescht Duebelteleskop: 2 × 1,2 Meter Haaptspigel, Astrophysikalescht Institut Potsdam, 2006.
- SLOOH: robotescht Teleskop vun Slooh USA, 2004.
Anisotropie vun der kosmescher Hannergrondstralung
[änneren | Quelltext änneren]- VSA (Very Small Array). Radiointerferometer
- COSMOSOMAS, Studium kosmologescher Strukturen, 1998
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Paranal-Observatoire
- La Silla-Observatoire
- Cerro Tololo Inter-American Observatory
- European Extremely Large Telescope
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Observatorio del Teide – Biller, Videoen oder Audiodateien |