Op den Inhalt sprangen

Théodore Thiel

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Théodore Thiel
Gebuer 1896
Gestuerwen 1962
Aktivitéit Lokalpolitiker
Fonctioun Buergermeeschter

Den Théodore Thiel ("Thiels Téid"), gebuer ..., a gestuerwen den 29. August 1962 zu Diddeleng am Alter vu 66 Joer[1], war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker (Rietspartei/CSV[2]).

Den Théodore Thiel war Viraarbechter op der Arbed. Hie gouf de 14. Oktober 1934 an den Diddelenger Gemengerot gewielt, a war, no Neiwalen 1935, bis 1945 Buergermeeschter vun der Gemeng Diddeleng. Dono war hien nees Member vum Gemengerot, a Leader vun der Oppositioun. Den 13. November 1953 ass hien aus gesondheetleche Grënn zeréckgetrueden, huet awer 1957 nach eng Kéier kandidéiert a gouf erëmgewielt.[2]

Hie war laang Jore Member vum Bezierks- a vum Nationalkomitee vun der CSV.[2]

Fir un hien z'erënneren, gouf zu Diddeleng eng Strooss no him genannt.[3]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Avis de décès 1 Page 8. In: Luxemburger Wort, 115. Jg., n° 240 (30.08.1962), p. 8. [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  2. 2,0 2,1 2,2 "In memoriam Théodore Thiel." In: Luxemburger Wort, 115. Jg., n° 240 (30.08.1962), p. 3. [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  3. L-3573.