Théophile Steffen

Vu Wikipedia
Théophile Steffen
Gebuer 6. Dezember 1921
Näertrech
Gestuerwen 8. Abrëll 2021
Scheedel
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler

Den Théophile Steffen, gebuer de 6. Dezember 1921 zu Näertrech a gestuerwen den 8. Abrëll 2021 zu Scheedel,[1] war e lëtzebuergesche Moler an Zwangsrekrutéierten[2].

Hien huet op der Konschtakademie vun Tréier studéiert.

Tëscht 1959 an 1961 war hie Member vum Cercle artistique de Luxembourg (CAL). Den Théophile Steffen ass bekannt wéinst senge Landschaftsbiller an Zeechnungen. Hien huet haaptsächlech Biller vun der Sauer a vum Éislek gemoolt. Vun 1962 un hat hien och ëmmer erëm Ausstellungen a verschiddene Lëtzebuerger Galerien, besonnesch an der Galerie Bradké an der Stad wou hien eng 30 Joer laang, bis 1990, eng Dosen Eenzelausstellungen hat.

Hie war och jorelaang Member vum ARC Kënschtlerkrees, vu wéini un ass net genee hannerluecht. Hie war awer schonn derbäi wéi d'Associatioun 1993 fir d'éischt als asbl gefouert gouf. Bis 2004 war hien do Member a gouf am Januar 2020 vum ARC nach eng Kéier ageluede fir seng Biller ze weisen. Dat war an der Schungfabrik zu Téiteng. Et sollt seng lescht Ausstellung sinn.

Landschaft bei Bierden

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce vum Théophile Steffen am Luxemburger Wort vum 13.Abrëll 2021 op der Säit 33
  2. Den Théophile Steffen op der Websäit ons-jongen-a-meedercher.lu