Tignée

Vu Wikipedia
Tignée
Aalt Haus am Zentrum vun Tignée
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Léck
Gemeng Soumagne
Koordinaten 50° 38’ 58’’ N
      05° 42’ 17’’ O
Telefonszon 04
Postcode 4630

Tignée op Wallounesch Tegnêye ass eng belsch Uertschaft an der Gemeng Soumagne. an der Provënz Léck.

Vun der Zäit vum franséische Regime un, bis zur Fusioun mat Évegnée am Joer 1949 war et eng eegestänneg Gemeng, an huet du bis 1977 zur Gemeng Évegnée-Tignée gehéiert. An der Zäit vum Ancien Régime sinn d'Awunner vun Tignée an d'Jobskierch op Melen an d'Mass gaangen. Nom Konkordat vun 1801 gouf Tignée eng eege Par. Tignée war eng fräi Seigneurerie vum Hellege réimesche Räich.

Bei der belscher Gemengereform am Joer 1977 gouf déi Gemeng opgeléist an hir Sektioune koumen an d'Gemeng Soumagne.

Kuckerwäertes[änneren | Quelltext änneren]

Tignée vun Oste gesinn