Tillandsia religiosa
| Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
|---|---|
| Räich | Planzeräich |
| Ënnerräich | Tracheobionta |
| Ofdeelung | Bléieplanzen |
| Klass | Monokotyledonen |
| Ënnerklass | Liliopsida |
| Uerdnung | Poales |
| Famill | Bromeliaceae |
| Ënnerfamill | Tillandsioideae |
| Gattung | Tillandsia |
| Wëssenschaftlechen Numm | |
| Tillandsia religiosa | |
| Hern.-Cárdenas, González-Rocha, Espejo, López-Ferr., Cerros & Ehlers, 2014 | |
|
| |
D'Tillandsia religiosa ass eng Bléieplanzenaart aus der Gattung Tillandsia an der Famill vun de Bromeliaceae[1].
Se gouf 2014 vun enger Grupp vu mexikanesche Biologe beschriwwen. D'Planz ass am mexikanesche Bundesstaat Morelos endeemesch[1], an hiert Verbreedungsgebitt läit haaptsächlech an de Gemengen Tlayacapan, Totolapan an Tepoztlán[2], déi an der Géigend vun der Sierra de Tepotzotlán sinn. Se wiisst a Fielsgebidder an a Bëscher[3].
D'Planz ass 0,8–1,5 m héich, mat ville schuppege Blieder. D'Infloreszenz ass opgeriicht, mat kuerze Picken, d'Blumme si vu gréng bis rosa. D'Tillandsia religiosa blitt tëscht Dezember a Mäerz[2].
D'Aart ass relativ rezent an der Wëssenschaft bekannt ginn, si ass awer de Lokale scho längst bekannt. Wéinst hirem schéinen Ausgesi gëtt d'Tillandsia religiosa fir d'Dekoratioun vu Krëppercher a vu Kierchen an der Zäit vum Advent a vu Chrëschtdag benotzt[3],[4].
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 http://archive.li/O1QpR
- 1 2 http://biotaxa.org/Phytotaxa/article/viewFile/phytotaxa.184.1.7/10331
- 1 2 Archive copy Archivéiert de 14.07.2015. Gekuckt den 02.01.2019.
- ↑ http://www.nkj.ru/news/26404/
